Fir d'Carole Bertemes aus Lëtzebuerg gouf aus enger spontaner Iddi, de Start vun enger aussergewéinlecher Aventure.

En Artikel aus dem National Geographic huet si dozou inspiréiert. Bannent enger hallwer Stonn wousst si, dass si eng 1.200 Kilometer laang Pilgerrees eleng op der klengster japanescher Insel Shikoku untriede wéilt. D’Abenteuer mat 88 Tempel Besichtegungen gëtt eng kierperlech Erausfuerderung, awer och e Wee an d’Essenz vum buddhistesche Gedanke vum Lassloossen.

Déi grouss Rees geet a véier Méint lass. Mäerz-Abrëll ass d’Zäit, wärend där déi meeschte Pilger ënnerwee sinn. 10 Woche wäert d’Carole Bertemes zu Fouss duerch Bierg- an Tempel-Landschaften zéien. Mat engem Rucksak, deen nëmmen dat Essenziellst enthält. Mat alldeeglechen Etappe vun 20-30 Kilometer, wäert d’Carole an engem gläichméissege Rhythmus vun Tempel zu Tempel pilgeren.

“Et si verschidde Plazen, do sinn immens vill Tempel no beieneen, wou ee 5-6 am Dag mécht. Dann ginn et awer Deeg wou een 2-3 Deeg trëppelt bis ee bei den Nächsten ukënnt.”

D’Carole muss sech op d’Hëllef vun den Awunner vu Shikoku verloossen. Si wäert nämlech gréisstendeels a klenge Familljepensiounen oder souguer bei Fräiwëllegen iwwernuechten, déi si mat oppenen Häerzer empfänken an dofir suergen, dass et hir un näischt feelt.

Den Eric Feltz, hire Liewenspartner, ënnerstëtzt seng Fra bei dëser éischter Pilgerrees mat Freed an Engagement. D’Carole huet sech Congé geholl fir dëse Projet, dee vill Virbereedung erfuerdert. Mat Hëllef vu Guidebicher an enger App, wou d’Pilgerroute markéiert sinn, preparéiert si sech op dës Rees voller onbekannter Strecken an Erausfuerderungen. Eng vun de Schwieregkeeten sinn zum Beispill déi vill Trapen, déi se iwwerwanne muss.

Fir d’Carole wäert dëst net eng typesch Pilgerrees wéi de bekannte Camino an Europa ginn. De Buddhismus, deen si als Philosophie gesäit, impressionéiert si scho laang. Fir d’Pilgerin ass dës Rees e Wee, voll a ganz an eng friem Kultur anzedauchen, sech vum Alldag ze befreien an hiren eegenen Horizont e Stéckchen ze erweideren.

Dës 1.200 Kilometer an 10 Wochen, eleng duerch Japan verspriechen net nëmmen eng sportlech Leeschtung, mee och eng déif spirituell Erfarung, déi d’Carole Beremes ëmmer begleede wäert.