D'WHO huet e Mëttwoch nei Zuele verëffentlecht. Dës Kéier gouf sech mam Befanne vu de Jugendleche befaasst.

D'Jugendlech spieren dem Rapport no ëmmer manner Ënnerstëtzung aus dem familiären Ëmfeld a gläichzäiteg méi schouleschen Drock. Dat geet aus den Zuele vu WHO Europa ervir. Deemno ass den Undeel vun de Jugendlechen, déi soen, e grousse Réckhalt vun hirer Famill ze hunn, däitlech zeréckgaangen, vun 73 Prozent am Joer 2018 op 67 Prozent 2022. Besonnesch d'Meedercher erliewen dëst méi verstäerkt.

Parallel dozou géifen d'Jugendlech der WHO no ëmmer méi Drock zum Beispill duerch d'Hausaufgaben erliewen. Iwwerdeems 2018 nach 54 Prozent vun de Meedercher am Alter vu 15 Joer sech iwwer schouleschen Drock beklot hunn, waren et 2022 iwwer 63 Prozent. Bei de Jonge war deen Undeel mat 43 Prozent manner markant, am Verglach zu 40 Prozent 2018.

Fir d'Etüd goufe bal 280.000 jonke Mënschen tëscht 11 a 15 Joer a 44 Länner vun Europa, Kanada an Zentralasien befrot.

"Hautdesdaags stinn d'Jugendlech an hirem sozialen Ëmfeld viru groussen Erausfuerderungen, vu manner Ënnerstëtzung doheem bis hin zu méi Drock an der Schoul, mat potentielle laangfristege Suitte fir hir Gesondheet an hir zukünfteg Liewensaussiichten", erkläert de Regionaldirekter vun der WHO Europa, den Hans Kluge.

D'WHO fuerdert, dass méi Moossnamen en place gesat ginn, fir de Jonken ze hëllefen, betount awer, dass d'Ënnerscheeder tëscht de Geschlechter misste berécksiichtegt ginn. D'Gréisst vun de Klasse misst gekierzt ginn an et bréicht ee Mentoring-Programmer. Batter néideg wier och eng besser Gestioun vun den Hausaufgaben, méi Ënnerstëtzung beim Léieren a reegelméisseg Gespréicher tëscht Schüler a Schoulpersonal.