Investisseur wett op Trump-Victoire a wënnt 85 Milliounen Dollar

© SELCUK ACAR ANADOLUAnadolu via AFP
De Mann hat op der Plattform Polymarket, déi sech op Krypto-Wärung spezialiséiert huet, direkt e puer Wetten op de Succès vum Trump gemaach.
Dat mellt Chainanalysis, eng US-Analystefirma, déi sech virun allem op Blockchain-Geschäfter spezialiséiert huet. Beim Mann, esou de "Wall Street Journal", soll et sech ëm e Fransous a fréieren Aktienhändler dréien. Hie géif Theo heeschen a soll leschte Mount eng gréisser Zomm Geld op d'Victoire vum Trump gesat hunn.
Et géifen och Indice ginn, dass de Mann Geld iwwert e puer Konten zäitgläich abezuelt an dono de Gewënn nees opgehuewen huet. Am Ganze solle 70 Milliounen Dollar op dem Trump seng Victoire gesat gi sinn. Déi krut hien dono erëm an nach eemol e Plus vu weidere 85 Milliounen Dollar.