Zuel vun den Diabetes-Kranken huet sech an 30 Joer verduebelt

Weltwäit gëtt geschat, datt 800 Millioune Leit un Diabetes erkrankt sinn. Dat si ronn 14 Prozent vun der Populatioun.
D'Zuel vun den Erwuessenen, déi un Diabetes erkrankt sinn, huet sech an de leschten 30 Joer verduebelt. Déi stäerksten Hausse gouf et an den Entwécklungslänner. 1990 nach waren Etüden no siwe Prozent vun all den Erwuessenen op der Welt un Diabetes erkrankt, 2022 war dës Zuel op 14 Prozent geklommen. Vergläicht een d'Zuelen net a Prozenter mä a reelle Chifferen, esou sinn dës vun 200 Milliounen am Joer 1990 op ronn 800 Milliounen am Joer 2022 geklommen.
An der Etüd gi béid Forme vun der Stoffwiesselkrankheet, also Typ-1- an Typ-2-Diabetes, a Consideratioun gezunn. Den Typ-2 ass dobäi déi méi heefeg Form. Nieft ierfleche Veranlagunge gëllt och staarkt Iwwergewiicht, ongesond Ernärung an e Manktem u Beweegung als déi gréisste Risikofacteuren.
Den Ënnerscheet tëscht den Zuele vun un Diabetes erkrankte Leit ass tëscht aarmen a räiche Länner grouss. A räiche Länner wéi Frankräich, Japan oder Kanada geet d'Zuel vun de Fäll zeréck oder bleift op d'mannst konstant, wärend se an aarme Länner der Etüd no ëmmer weider klëmmt. Am Pakistan zum Beispill ass all drëtt Fra vun der Krankheet betraff, 1990 war et emol net all zéngt.
Och beim Traitement ginn et drastesch Ënnerscheeder tëscht aarmen a räiche Länner. Schätzungen no kruten dräi vu fënnef Kranker am Joer 2022 keng Behandlung. Dat wiere ronn 445 Milliounen Erwuessener. Bal een Drëttel dovu lieft an Indien. Och an de südafrikanesche Länner krute virun zwee Joer just 5 bis 10 Prozent vun de Diabetiker an Diabetikerinnen eng Behandlung.
Dëse Manktem u Behandlungen an den aarme Länner kann dozou féieren, datt d'Leit liewenslaang Komplikatioune mussen dovundroen, dat geet vun Amputatiounen iwwer Häerzkrankheeten, Problemer mat den Nieren oder den Aen, an a verschiddene Fäll bis zum Doud.