D'Berliner Startup-Firma "Tomorrow Biostatsis" bitt de Leit un, se no hirem Doud anzefréieren.

Esou soll de Kierper erhale bleiwen, fir de Fall, dass d'Medezin enges Dages wäit genuch wier, Leit nees zum Liewen ze erwächen.

Kaschte soll dat Ganzt 50 Euro de Mount plus nach eng Kéier 200.000 Euro, déi een eemoleg muss bezuelen, éier ee gestuerwen ass. Wann ee just säi Gehier wéilt afréiere loossen, wier eng Zomm vu 75.000 Euro néideg.

Konkret soll dat Ganzt esou oflafen, dass zum Zäitpunkt vum Doud vun engem Client eng speziell equipéiert Ambulanz bei dëse fiert. An dësem Gefier géif da mam Kill-Prozess ugefaange ginn. Schlussendlech géif de Kierper mat Hëllef vu Minus 200 Grad Celsius kalem Stéckstoff agefruer ginn. Virdru géif een allerdéngs mat enger cheemescher Léisung vollgepompelt ginn, fir sécherzestellen, dass sech keng Äiskristaller forméieren. De gefuerene Kierper géif dann an engem speziellen Depot an der Schwäiz gelagert ginn.

An den USA ginn et schonn eng Partie Firmen, déi en Afréiere vum Kierper nom Doud ubidden. "Tomorrow Biostasis" gëllt als déi éischt europäesch Firma, déi dëse Service ubitt. Dem Grënner no hätt d'Firma den Ament ronn 700 Clienten. Véier Persoune wieren da schonn agefruer ginn.

Experte gesinn d'Praxis vum Afréiere nom Doud skeptesch. D'Chance, dass d'Medezin jeemools Leit nees wäert kënnen zum Liewen erwächen, wier enorm kleng.