Am Kollosseum zu Roum wäerten nees "Gladiatore" kämpfen

© Image Envato Martinm303
2025 kämpfen erëm Gladiatoren am Kollosseum zu Roum. Dat awer net méi, wéi am Réimesche Räich, ëm Liewen an Doud.
Am Mee d'nächst Joer soll déi bal zwee Joerdausenden al Arena un zwee Owender fir e bësse méi wéi zwou Dose Gäscht no den normalen Ouvertureszäiten opgoen. De Visiteure gëtt dann en zwou bis dräi Stonne laange Programm virun historesche Kuliss gebueden. Ënnert anerem sollen et Demonstratioune vu Fräizäit-Gladiatore ginn a Coursen a Kampfpraktike fir d'Spectateuren.
Lotterie fir Ticketen
D'Tickete ginn et iwwer eng Lotterie, déi vun der Plattform Airbnb organiséiert gëtt. Vum 27. November bis den 10. Dezember kann ee sech iwwert de Site vun der Buchungsapp dofir mellen. Am Géigenzuch stellt Airbnb 1,5 Milliounen Euro fir Renovéierungsaarbechte vum Kollosseum.
Kritik un Airbnb
D'Italiener kritiséieren d'Aktioun. Plattforme wéi Airbnb zéien zwar Touristen an d'Stied, ma duerch d'Wunnengen, déi just kuerz verlount ginn, ginn d'Loyeren an d'Luucht an de bezuelbare Wunnraum méi knapp. Grad zu Roum wier d'Situatioun besonnesch extreem.
Touristenattraktioun Kollosseum
Mat ronn siwe Milliounen Touriste pro Joer gehéiert de Kollosseum haut zu enger vun de meeschtbesichten touristeschen Attraktiounen an Italien. Gebaut gouf d'Arena tëscht 72 an 82 no Christus an hat Plaz fir bis zu 70.000 Spectateuren. Déi lescht richteg Gladiatorekämpf waren am fënnefte Joerhonnert. Zanterhier ass d'Anlag no an no zerfall, gëtt awer zanter Joren nees no an no renovéiert.