D'Police war e Freidegmoien op de 40 Joer ale Randaléierer opmierksam ginn, well dësen e Passant mat engem Schlëssel un der Stier blesséiert hat.

De Beamte géigeniwwer huet hie sech och immens aggressiv verhalen, wouduerch d'Police gezwonge war, Taseren anzesetzen, wat och näischt bruecht huet. De Mann huet mussen zu Buedem bruecht ginn, woubäi hien ëm sech geschloen a gebass huet. Donieft, datt hien enger Polizistin e Stéck vum Ouer ofgebass huet, huet hien och zwou weider Beamtinnen an ee Beamten zum Deel schwéier blesséiert.

Déi 26 Joer jonk Polizistin huet mussen um Ouer operéiert ginn. Den Täter gouf festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.