1976 gouf d'Metro fir d'Stad Thessaloniki eng éischter Kéier schrëftlech festgehalen, 11 Joer dono gouf mam Bau ugefaangen.

Tëscht dem Spuedestéch 1987 an der offizieller Ouverture dëse Samschdeg leien dann nach eng Kéier ronn 37 Joer. De Projet huet sech a Griichenland zu engem Running Gag entwéckelt.

Ma elo ass se op a si dierft zu enger vun de schéinste Metroen op der Welt gehéieren, well vill vun de Statioune sinn an antik Bauwierker agebett.