De 26. Dezember hunn d'Membere vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. mat hiren Trakteren nees eng Rei Cortègen duerch d'Land organiséiert.

D'Iddi, déi an der Zäit vun der Corona-Pandemie entstane war, hat an deene leschte Joer weiderhin ee grousse Succès. Beim Christmas-Tour fueren dekoréiert a gerëscht Traktere vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren a.s.b.l. (LLJ) duerch Lëtzebuerg, fir de Leit op eng speziell Aart a Weis schéi Chrëschtdeeg ze wënschen.

D'Membere vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren sinn um zweete Chrëschtdag nees an e puer Cortègen mat hire festlech dekoréierten Trakteren duerch verschidden Uertschafte vum Land gefuer. Si sinn zum Beispill och bei eenzelen Alters- a Fleegeheemer passéiert, fir dass och déi eeler Leit sech dëse faarwege Spektakel, deen och mat Musek begleet ass, net hu mussen entgoe loossen. Op Stiefesdag haten déi jonk Leit jo och nach dréche kal Wiederkonditiounen, esou dass dës Initiativ also erëm ee grousse Succès bei de Leit wäert gehat hunn.

Am RTL-Interview erkläert eis d'LLJ-Presidentin Marthe Bourg, wéi d'Iddi vum Tour entstanen ass:

Christmas-Tour vu Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren / Rep. Michelle Schons

D'Cortègë hunn en Donneschdeg, de 26. Dezember um 16.00 Auer op verschiddene Plazen am Land ugefaangen.

Et hate sech bedeelegt:

  • LLJ Cliärref
  • LLJ Dikrich
  • LLJ Furen
  • LLJ Zenter
  • LLJ Süden
  • LLJ Maacher
  • LLJ Uewersauer

Déi verschidde Cortègen am Iwwerbléck


LLJ Cliärref


  • 17.00 Auer: Industriezone in den Allern – Ëlwen (Troisvierges)
  • 17.10 Auer: SERVIOR Liewensbam : 12, rue de Massen L-9907 Troisvierges
  • 17.25 Auer: Aasselbuer (Asselborn)
  • 17.35 Auer: Éimeschbaach (Emeschbach)
  • 17.45 Auer: Weiler
  • 17.50 Auer: Helzen (Hachiville)
  • 17.55 Auer: Houfelt (Hoffelt)
  • 18.20 Auer: Wëntger (Wincrange)
  • 18.25 Auer: Béigen (Boevange)
  • 18.35 Auer: Foyer „Eisleker Heem“: 30, Duarrefstrooss L-9762 Lullange
  • 18.55 Auer: Lenzweiler (Lentzweiler)
  • 19.10 Auer: Eeselbuer (Eselborn)
  • 19.40 Auer: Maison de Retraite „Résidence des Ardennes“ : 86, Grand-Rue L-9711 Clervaux
  • 19.45 Auer: A.P.E.M.H. - Cliärrefer Haus: 10, rte de Marnach L-9709 Clervaux
  • 19.45 Auer: A.P.E.M.H. - Haus Cliärrefer Villa : 7, rte de Marnach L-9709 Clervaux
  • 19.50 Auer: HPPA Saint-François : 22, route de Marnach L-9709 Clervaux
  • 20.15 Auer: Fondation Autisme : 31 Duerefstrooss L-9766 Munshausen
  • 20.30 Auer: Maarnech (Marnach)
  • 20.40 Auer: Fëschbëch (Fischbach)
  • 20.45 Auer: Ischpelt (Urspelt)
  • 21.00 Auer: Hëpperdang (Hupperdange)
  • 21.10 Auer: Hengischt (Heinerscheid)
  • 21.35 Auer: Bënzelt (Binsfeld)
  • 21.45 Auer: Wilwerdang (Wilwerdange)
  • 21.50 Auer: Géidgen (Geodange)
  • 22.00 Auer: Huldang (Huldange)
  • 22.10 Auer: Beesslek (Hautbellain)
  • 22.15 Auer: Kierchen (Basbellain)
  • 22.20 Auer: Ëlwen (Troisvierges) – Industriezone In den Allern

LLJ Dikrich & LLJ Furen

  • 16.30 Auer: Pumpenspeicherkraftwerk Vianden – Oberer Stausee : CR322, 9410 Vianden
  • 17.00 Auer: SERVIOR „Maisons des Soins“ : rue du Sanatorium L-9440 Vianden
  • 17.30 Auer: SERVIOR „Schlassbréck“ : 4, rue de la Frontière L-9412 Vianden
  • 17.50 Auer: Bëttel (Bettel)
  • 18.00 Auer: Furen (Fouhren)
  • 18.10 Auer Tandel
  • 18.30 Auer: Baastenduerf (Bastendorf)
  • 18.45 Auer: Selz
  • 18.50 Auer: Bleesbréck (Bleesbrück)
  • 19.00 Auer Gilsdref (Gilsdorf)
  • 19.20 Auer: SERVIOR „Bei der Sauer“: 2, rue Alexis Heck L-9242 Diekirch
  • 19.50 Auer: Maison de Soins „Sacré Coeur“: 18, rue de l’Hôpital L-9244 Diekirch
  • 20.10 Auer: Maison de Séjour et de Soins ALA : 8, Gruefwee L-9147 Erpeldange-sur-Sûre
  • 20.30 Auer: Centre Hospitalier du Nord: 120, rue Lucien Salentiny L-9080 Ettelbruck
  • 20.50 Auer: Centre „Pontalize“ : 1, rue du Deich L-9012 Ettelbrück
  • 21.00 Auer: Parking um Däich L-9012 Ettelbrück

LLJ Uewersauer

  • 16.30 Auer: Schumannseck
  • 16.40 Auer: Rullgen (Roullingen)
  • 16.45 Auer: CIPA Geenzeblei : 1, rue des Pêcheurs L-9552 Wiltz
  • 16.50: Auer: CHDN Wiltz : 10, rue Grande-Duchesse L-9515 Wiltz
  • 17.00 Auer: CIS Wiltz: 24, rue Michel Thilges L-9573 Wiltz
  • 17.05 Auer: Päiperleck-Seniorenresidenz Eisknippchen: 17, rue des vieilles Tanneries L-9572 Weidingen
  • 17.10 Auer: Ierpeldeng (Erpeldange)
  • 17.15 Auer: Eeschweller (Eschweiler)
  • 17.25 Auer: Deierbech (Derenbach)
  • 17.30 Auer: Uewerwampech (Oberwampach)
  • 17.35 Auer: Nidderwampech (Niederwampach)
  • 17.45 Auer: Schleef (Schleif)
  • 17.55 Auer: CIS Winseler : 1, Duerfstrooss L-9647 Doncols
  • 18.00 Auer: Soller (Sonlez)
  • 18.10 Auer: Tarchamps
  • 18.15 Auer: Walter (Watrange)
  • 18.20 Auer: CIS Lac Harel : 35, rue Mgr. Fallize L-9655 Harlange
  • 18.35 Auer: CIS Boulaide : 17, rue Flebour L-9633 Boulaide
  • 18.40 Auer: Bauschelt (Boulaide)
  • 18.45 Auer: Baschelt (Baschleiden)
  • 18.55 Auer: CIS Lac Beiwen : 7, Doerfstrooss L-9635 Bavinge
  • 19.05 Auer: Mecher
  • 19.15 Auer: Léifreg (Liefrange)
  • 19.25 Auer: Kauneref (Kaundorf)
  • 19.35 Auer: Esch-Sauer (Esch-sur-Sûre)
  • 19.50 Auer: Géisdref (Goesdorf)
  • 20.00 Auer: Dol (Dahl)
  • 20.10 Auer: Nacher (Nocher)
  • 20.10 Auer: Nacher Strooss (Nocher-Route)
  • 20.20 Auer: Bitscht (Büderscheid)
  • 20.30 Auer: Noutem (Nothum)
  • 20.45 Auer: Bärel (Berlé)
  • 20.50 Auer: Pommerlach

LLJ Zenter

  • 17.00 Auer: De Verband: 3, rue François Krack L-7737 Colmar-Berg
  • 17.10 Auer: Recken (Reckange)
  • 17.20 Auer: Fondation Lëtzeburger Kannerduerf : 10, rue Hermann Gmeiner L-7534 Mersch
  • 17.50 Auer: Blannenheem: 47, rue de Luxemburg 7540 Berschbach
  • 18.10 Auer: Biereng (Beringen)
  • 18.15 Auer: Miesdref (Moesdorf)
  • 18.17 Auer: Pëtten (Pettingen)
  • 18.30 Auer: Biissen
  • 18.42 Auer: Méchelbuch (Michelbouch)
  • 18.45: Auer Foyer “Op der Schock” Mertzig
  • 18.55 Auer: Groussbus (Grosbous)
  • 19.05 Auer: Préizerdaul
  • 19.15 Auer: Räichel (Reichlange)
  • 19.30 Auer: Maison de Retraite “Saint-François” : 2, rue de l'Hôpital L-8509 Redange
  • 19.50 Auer: Ell
  • 19.57 Auer: Centre de réhabilitation du Château de Colpach: 1, am Schlasspark L-8527 Colpach-Bas
  • 20.00 Auer: Uewerkolpech (Colpach-Haut)
  • 20.10 Auer: Rued (Roodt - Ell)
  • 20.20 Auer: Rammerech (Rambrouch)

LLJ Süden

  • 16.00 Auer Käerch
  • 16.10 Auer: Hôpital intercommunale: 1 Rue de l'Hôpital, L-8423 Steinfort
  • 16.25 Auer: Wandhaff (Windhof)
  • 16.35 Auer: Capellen
  • 17.00 Auer: CIPA Mamer: 5, rue du Marché L-8252 Mamer
  • 17.20 Auer: Les Parcs du 3ème Âge: 3, am Bongert L-8081 Bertrange
  • 17.30 Auer: Leideleng (Leudelange)
  • 17.40 Auer: Obeler (Abweiler)
  • 17.55 Auer: CIPA Sainte Elisabeth: 4, rue de Tannerie L-3288 Bettembourg
  • 18.00 Auer: Fenneng (Fennange)
  • 18.05 Auer: Hunchereng (Hunchernange)
  • 18.10 Auer: Näerzeng (Noertzange)
  • 18.25 Auer: Maison de Soins Am Schmëttbësch: 1, rue du Parc L-3872 Schifflange
  • 18.40 Auer: Centre Médical Clinique Sainte-Marie: 7-11 Rue Wurth-Paquet, L-4350 Esch-sur-Alzette
  • 18.50 Auer: Servior “op der Léier" : 10, op der Léier L-4240 Esch-sur-Alzette
  • 19.10 Auer: Centre Hospitalier Emile Mayrisch: Rue E. Mayrisch L-4240 Esch-sur-Alzette
  • 19.30 Auer: Zolwer (Soleuvre)
  • 19.50 Auer: Suessem (Sassenheim)
  • 20.10 Auer: Servior Um Lauterbann: route de Pétange L-4645 Niederkorn
  • 20.40 Auer: Seniorie Saint Joseph: 28, rue de l´église L-4732 Pétange
  • 20.45 Auer: Lénger (Linger)
  • 20.55 Auer: Käerjeng (Bascharage)
  • 21.05 Auer: Kéinzig (Clemency)

LLJ Maacher

  • 17.00 Auer: P&R Jonglënster (Junglinster)
  • 17.10 Auer: Blummendall (Blumenthal)
  • 17.15 Auer: Reiland (Reuland)
  • 17.25 Auer: Hiefenech (Heffingen)
  • 17.40 Auer: Chrëschtnech (Christnach)
  • 17.50 Auer: Waldbëlleg (Waldbillig)
  • 18.00 Auer: Mëllerdall (Müllerthal)
  • 18.15 Auer: Konsdref (Consdorf)
  • 18.30 Auer: Bech
  • 18.40 Auer: Berbuerg (Berbourg)
  • 18.50 Auer: Hierber (Herborn)
  • 19.05 Auer: Uesweller (Osweiler)
  • 19.15 Auer: Dickweiler
  • 19.30 Auer: Rouspert (Rosport)
  • 19.45 Auer: Steenem (Steinheim)
  • 19.55 Auer: Iechternach (Echternach)
  • 20.00 Auer: Parking du Lac, Echternach