D'Irina, d'Pauline an d'Yvette: Dräi Fraen an enger renger Männerdomaine
Vun 1891 bis 1963 gouf zu Rëmeleng an der Minn "Walert" Eisenäerz ofgebaut.
70 Meter ënnert dem Buedem hu fréier d’Mineuren ënnert dacks penibel Konditioune geschafft.
Zanter dem Mee 1973 gëtt et de Musée des Mines. Hei kann een en Abléck an d’Liewen an d’Schaffe vun de Minnenaarbechter kréien. Eng 18 Guidë ginn engem wärend enger Visitt vill Informatiounen an Explikatiounen. Ronn zwou Stonnen dauert eng Visitt.
Vun den 18 Benevolle sinn de Gros Hären. Et ginn awer och 3 Dammen déi Visitte proposéieren. D’Yvette Thomas, d’Irina Fedina an d’Pauline Cano. A mat dësen 3 Dammen hate mir e leschten Donneschdeg Rendez-vous an der Minn.
Vu Russland op Rëmeleng an d’Minn
D’Irina Fedina huet 46 Joer a wunnt zanter 23 Joer zu Lëtzebuerg. Déi gebierteg Russin hëlleft zanter dësem Juni als Guidin an der Minn zu Rëmeleng. Hire Papp, dee mëttlerweil gestuerwen ass, war Geolog. Dohier och d’Interessi um Biergbau. Duerch hiert Meedchen, d’Pauline, koum déi ganz sympathesch Fra a Kontakt mam Musée des Mines. "Meng Duechter huet mech gefrot, ob ech net wéilt als Guidin zu Rëmeleng schaffen. Et géifen nach motivéiert Leit gesicht ginn". Sou erzielt d’Irina mir hire Wee zur Guidin. "Et ass eng richteg Passioun ginn". Sou d’Irina am RTL-Interview. “Fir d’éischt geet ee mat experimentéiere Guidë mat. Sou geséit een um Terrain, wéi d’Aarbecht als Guide verleeft. Soubal ee sech da prett spiert, mécht een e klengen Examen. Ass dee bis gepackt, däerf een als eegestännege Guide d’Leit duerch d’Minn féieren". Sou d’Irina Fedina. Op Franséisch an Englesch hält si d’Visitten. Op eng 10 Stéck kënnt si mëttlerweil.
Zu Bartreng wunnt d’Irina mat hirem Meedchen, dem Pauline. Reegelméisseg kënnt si op Rëmeleng gefuer, fir de Leit d’Geschicht vun der Géigend a virun allem d’Aarbecht vun de Mineuren z’erzielen. An hirer bis ewell kuerzer Zäit als Guide huet d’Irina awer och schonn eng kleng Anekdot z’erzielen. "Wärend de Visitte loosse mir och emol d’Leit déi verschidden Aarbechtsutensilien ausprobéieren. Dat war och ganz am Ufank vu menger Funktioun als Guidin mol de Fall." Sou d’Irina.
Mamm an Duechter zesummen als Guidin an der Minn

Irina Fedina an Pauline Cano (v.L.n.R.) / © Emile Mentz
Dem Irina Fedina hiert Meedchen, d’Pauline Cano, ass och als Guide zu Rëmeleng aktiv. Zanter dem Juni 2023 ass déi jonk Fra vun 22 Joer an der Minn. "Wéi eng Performance, ass et fir mech hei als Guide ze schaffen". Esou d’Pauline am Gespréich. Si studéiert zu Bonn Schauspillerei a wäert dëst Joer mat hirem Studium fäerdeg ginn. "Ech vermëttelen immens gären duerch d’Erzielen. Dës Minn ass fir mech eng ganz grouss Bün." Esou d’Pauline. Vu Jonkem un interesséiert d’Studentin sech fir Steng. "Bei menger éischter Visitt, déi ech mat Leit gemaach hunn, war ech super nervös." Sou déi gebierteg Lëtzebuergerin. "Ofhängeg vun de Virkenntnesser vun de Leit ass ee méi oder manner vill nervös. Well ech hei zu Lëtzebuerg opgewuess sinn, hunn ech mech och fir d’Geschicht vum Land interesséiert. An den Ursprong vum Räichtum läit hei am Minett". Sou d’Pauline. "Ech hat selwer mol un enger Visitt hei zu Rëmeleng deelgeholl an hunn dat ganz spannend fonnt". Dëst erzielt mir d’Pauline mat grousser Begeeschterung.
D’Leit matrappen. Dat ass dem Pauline wichteg. Séif et op der Theaterbün oder ewéi an der Minn wärend enger Visitt. "Des gewësse Rou hei bannen deet mir gutt." Sou d’Studentin vu Bonn. "Mamm géi mat" Huet d’Pauline hirer Mamm gesot. An zanter Juni 2024 si Mamm an Duechter zesumme Guide zu Rëmeleng. Op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch hält d’Pauline d’Visitten of.
"Brauche mir e Meedchen aus dem Éislek, wat eis de Minett erkläert?"

© Emile Mentz
D’Yvette Thomas huet 61 Joer an ass gebierteg vun Harel. D’Léift huet si an de Minett bruecht, wou si mat hirem Mann an de Kanner zu Beetebuerg wunnt. Zanter 12 Joer schafft d’Yvette als Guide zu Rëmeleng. "Ech hu mech privat ëmmer fir eis Industriegeschicht interesséiert. Dobäi huet ni een aus menger noer Famill am Minett geschafft." Sou d’Yvette am RTL-Interview. Iwwer eng Annonce an der Zeitung koum hir d’Iddi, als Guide unzefänken.
"Dës Aarbecht ass facettëräich an ech maachen dat richteg gären". Sou d’Guidin am Gespréich. "D’Maschinnen interesséiere mech manner. Awer déi ganz Sozialgeschicht ass mir wichteg." D’Yvette Thomas ass begeeschtert.
Interaktiv Visitte proposéiert d’Yvette Thomas de Visiteuren zu Rëmeleng an der Minn. "Tëscht 8 an 12 Joer ass dee beschten Alter fir esou Visitten. Also d’Grondschoul." Esou déi ganz erfuere Guidin. "Et muss ee kucken, dass d’Kanner sech wärend der Visitt net langweilen. E Fro – Äntwertespill organiséieren ech dowéinst mat de jonke Visiteuren."
“Heiansdo komme Kanner, déi soen, ech war schonn 2x hei oder 3x hei. Déi sinn esou richteg begeeschtert. An dat deet gutt z’erliewen." Sou d’Yvette Thomas. "Wann Zäit vun de Schoulausflich ass, sinn ech méi dacks hei. Dat ass eisen Heemount." Dat erzielt d’Yvette mir mat engem grousse Laachen am Gesitt.
D’Yvette, d’Irina an d’Pauline. Dräi Dammen, déi vill Spaass als Guide an der Rëmelenger Minn hunn. Reegelméisseg ginn nei Guidë gesicht.
Méi Informatioune kritt een um Internetsite www.mnm.lu oder um Tel: 56 56 88