Zanter dräi Joer rifft hei am Land de Suchtverband zu engem "Dry January" op, fir säin Alkoholkonsum ze limitéieren oder ganz auszesetzen.

Dry January / Reportage: Diana Hoffmann

"Alkohol ass e groussen Deel vun eiser Societéit, vun eiser Gesellschaft an d’Normalitéit ass, dass déi meescht Leit Alkohol konsuméieren. Déi eng méi, déi aner manner", seet d’Directrice vum Therapiezenter zu Useldeng, d’Dr. Claude Besenius. Als Member vum Suchtverband mécht och si Reklamm fir den Dry January. Januar wier e gudde Mount, fir op Alkohol ze verzichten, well een d’Feierdeeg elo hannert sech hätt, en neit Joer ugaange wier, an ee sech sollt d’Zäit huelen, sech Gedanken ze maachen. 

Wéi soll ee sech uleeën, fir matzemaachen?

Einfach doheem bleiwen a sech isoléieren, fir esou der Tentatioun aus dem Wee ze goen, ass keng Léisung, seet d'Claude Besenius. Dat géing éischter d'Flemm andreiwen. "Villäicht soll ee sech einfach iwwerleeën, wat seng Motivatioun ass, matzemaachen", erkläert d'Psychologin a Psychotherapeutin. Dëst kéint ee sech dann opschreiwen. Als Support kann och hëllefen, anere Leit dovunner z'erzielen oder Kolleege motivéieren, matzemaachen. 
 
Wann een dann iergendwou higeet, kéint ee sech am viraus iwwerleeën, wat ee wéilt vun net-alkoholeschem Gedrénks drénken. E wichtege Schratt wier och ze léieren, "Nee" ze soen. Wann een dat net ëmmer géing fäerdeg bréngen, well een zum Beispill wéilt ustoussen, wier dat och Ok. "Eist Konzept vum dréchene Januar als Suchtverband ass, entweeder näischt ze drénken oder bewosst manner ze drénken", betount d’Psychologin. Et sollt een awer am beschte Fall ëmmer hannerfroen, wisou een deen Ament net Nee gesot huet. Bei der Campagne geet et ëm e bewossten Ëmgang mat Alkohol. Wann engem de Verzicht ze schwéier fält, soll ee sech froen, ob een net eventuell Hëllef brauch.

Wisou soll ee matmaache beim Dry January?

Schonn no engem Mount géinge vill Mënsche positiv Effeten duerch de Verzicht vun Alkohol feststellen. Dozou zielt, méi Energie ze hunn, e bessere Schlof an doduerch och eng besser Konzentratioun. Awer och de finanzielle Volet kann eng Roll spillen. Also méi am Portmonnie.

Aner Auswierkungen op d'Gesondheet kënnen awer och sinn, de Risk vu bestëmmte Krankheete wéi Kriibs ze reduzéieren. Zum Beispill vu Liewer-, Broscht- oder Daarmkriibs. Alkoholkonsum kann awer och Auswierkungen op d'Psych vum Mënsch hunn. Depressiounen oder Angschtzoustänn verstäerken. Weider Niewewierkunge vun Alkoholkonsum kënnen Accidenter, Gewalt, respektiv allgemeng aggressiivt Verhale sinn. All dëst huet gewéinlech net just Repercussiounen op d'Persoun selwer, mee och op d’Famill an d’Aarbechtswelt.

Vu wéini un huet een e Problem mat Alkohol?

D'Fro, wéi vill ze vill ass, ass net liicht ze beäntwerten. Dëst un der Quantitéit vum Alkoholkonsum festzemaachen, wier schwiereg, seet d'Dr. Claude Besenius. Et géing kee Konsum ouni Risiko ginn. D'Recommandatioun ass: fir Fraen ee Glas den Dag a fir Männer zwee. Dann awer op d'mannst zwee bis dräi Deeg d’Woch näischt. Exzessiv Drénk-Owender oder Dauerkonsum géingen dem Kierper am meeschte schueden.
 
Wann een awer all Dag drénkt an net kann op Alkohol verzichten, soll een alarméiert sinn. E Questionnaire op www.alkohol.lu hëlleft, säin Drénkverhalen anzeschätzen. Ob eng Ofhängegkeet besteet, gëtt u gewësse Krittäre festgemaach. Dozou zielt, en immensen Zwang ze drénken, Kontrollverloscht, dass een ëmmer méi brauch fir dee selwechten Effet ze hunn, oder wann een e kierperlechen Entzuch spiert. Doriwwer eraus géingen déi Concernéiert trotz negative Konsequenzen, déi se och mierken, weider drénken an ufänken, positiv Saachen aus dem Liewen ewechfalen ze loossen, fir doheem ze bleiwen an ze drénken.

Wéi kann ee Leit an enger Alkoholofhängegkeet hëllefen?

Wann ee Leit am Ëmfeld huet, bei deenen ee mierkt, dass hiert Verhale sech immens verännert, wa se gedronk hunn, se zum Beispill aggressiv ginn, eventuell scho fréi am Dag mat drénken ufänken oder eventuell ziddere wa se näischt ze drénken hunn. Wann duerch d’Drénken negativ Konsequenzen entstinn an awer weider gedronk gëtt. "Et ass einfach wichteg, mat de Leit driwwer ze schwätzen. Ouni Jugement, ouni eng Scholdzouweisung. A soen, dass ee sech Gedanke mécht. Et kann een déi aner Persoun froen, ob een iergendwéi kann hëllefen", erkläert d'Dr. Claude Besenius. Der concernéierter Persoun kéint et schonn hëllefen, dat ze héieren. Villäicht wier d'Persoun nach net prett, mee villäicht wier se och bereet, sech Hëllef sichen ze goen.

Wou gëtt et Hëllef?

Als éischt Ulafstell gëllt meeschtens den Hausdokter, wann een eng gutt Relatioun zu dësem huet. Oder e Psychiater, wann een een huet. Doriwwer eraus gëtt et zum Beispill de Centre Addict an der Stad, wou ee ka Gespréicher ufroen an iwwer sech oder eng Persoun am Ëmfeld schwätzen. Awer och "Fro no" vum Centre national de prévention des addictions (CNAPA) an d’Suchtberodungsstell Quai 57. Fir déi Jonk gëtt et de Service Impulse. Op www.alkohol.lu fënnt een déi verschidden Zerwisser, fir ze kucken, wou een Hëllef fënnt. 

Alkohol an de gesellschaftlechen Ëmgang

D’Gesellschaft misst léieren, dass et en eegene Choix wier, ze decidéieren, ob ee wéilt Alkohol drénken oder net. "Dass wann ee seet, dass een näischt drénkt, net muss direkt gesot ginn: 'bass de krank oder bass de schwanger?'", réit d'Psychotherapeutin. Een deen näischt drénkt, dierft net aneren eng Erklärung schëlleg sinn.

Fir Leit, déi eng Alkoholofhängegkeet haten, wier et immens schwiereg léieren ze mussen, ouni Alkohol ze liewen. Si géingen deen Ament dacks e bësse vun der Societéit ausgeschloss ginn, erkläert d’Directrice vum Therapiezenter Useldeng. Deemno missten déi fréier Patiente léieren, nees hir Plaz ze fannen. Dat an enger Gesellschaft, wou Alkohol Normalitéit ass. Sech ëmmer nees erklären ze mussen, géing d’Saach do net méi einfach maachen.