"Alles Guddes am neie Joer!", dat héiert een déi lescht Deeg wuel méi dacks. Fir déi eng Leit bedeit en neit Joer och gären en neie Start.

Zum Beispill den Ufank vun engem neien Hobby, enger neier Gewunnecht oder engem neien Ech-sinn. Fir aner Leit mécht et awer keen Ënnerscheed, datt hannen um Kalenner elo eng aner Zuel steet a si liewen einfach normal weider. Déi gutt al Virsätz, realistesch oder net, all Joer am Januar gi se ëmmer nees op en Neits diskutéiert. Mir wollte wëssen, wat Är Virsätz sinn. Eng RTL-Ekipp war dofir an der Stad ënnerwee. 
 
An net nëmmen hei am Land huet een an dat neit Joer eragefeiert, ma och op villen anere Plazen op der Welt hu Millioune vu Mënschen dat neit Joer begréisst. Wéi si dat gemaach hunn a wéi eng Traditiounen et an de verschidde Länner esou ginn, dat hu mir eis ugekuckt.