Alkoholiséiert Lëtzebuergerin spillt um Handy a verursaacht Accident zu Tréier

© AFP-Archiv
D'Policeinspektioun vun Tréier huet e Méindeg Detailer zu engem Accident matgedeelt, deen e Freideg géint 20.45 Auer op der Bitburger Straße geschitt war.
Am Bierg fir erof an d'Stad, wou et vun der Bitburger Straße (B51) eriwwer op d'Kaiser-Wilhelm-Brücke geet, huet eng 32 Joer al Lëtzebuergerin e Freideg den Owend en Accident gebaut. Si war aus der Richtung vun der Fachhochschule komm an huet sech op déi lénks Spuer fir eriwwer an d'Stad ageuerdent. Well si eegenen Aussoen no awer mam Handy hantéiert huet, ass si op déi riets Spuer komm, wou si mat engem aneren Auto kollidéiert ass.
Béid Autoe goufe beschiedegt, blesséiert gouf awer keen. Op der Plaz huet d'Police Unzeeche gesinn, datt d'Fra alkoholiséiert kéint sinn. Een Alkoholtest huet de Verdacht dann och bestätegt - si hat 2,95 Promill. Hire Fürerschäi gouf provisoresch agezunn a soll dann och "op d'mannst fir e puer Méint" net méi an d'Hänn vun der Besëtzerin kommen.