Ee Fest fir Hobby-Astronomen: Meteoritten, Sonnendäischtert a "Saturn ouni Réng"

Dëst Joer erwaart eis: Eng Konstellatioun vu 7 Planéiten, eng total Mounddäischtert, eng deelweis Sonnendäischtert an de Saturn, dee seng Réng verstoppt.
Och 2025 si rëm verschidde remarkabel astronomesch Evenementer vun der Äerd aus ze bewonneren: Hei eng kleng Lëscht mat deene wichtegsten Himmelsphänomener.
Bis de 16. Januar: "Quadrantiden" - Schauer vu Meteoritten
Och wann dës Schauer vu Stäreschnäizen all Joer zur selwechter Zäit optrëtt, sou gëtt awer 2025 e ganz besonnesche Himmelsspektakel erwaart mat ongeféier 110 Meteoritte pro Stonn. Déi sougenannt "Quadrantiden" sinn déi Kéier zënter dem 28. Dezember aktiv an dat nach bis Mëtt Januar.
28. Februar: Eng Konstellatioun vu siwe Planéiten
Wa verschidde Planéiten am Sonnesystem gläichzäiteg op enger Säit vun der Sonn openee kommen a vun der Äerd aus ze gesi sinn, schwätzt ee vun enger Konstellatioun. Schonn den 21. Januar si sechs Planéite vum Sonnesystem (Venus, Mars, Jupiter, Saturn, Uranus an Neptun) perfekt an enger Rei a siichtbar um Himmel just virum Sonnenopgang. Den 28. Februar da wäert de Merkur dës Konstellatioun komplettéieren.
14. Mäerz: Eng total Mounddäischtert an e "Bluttmound"
Op deem Datum ass de Mound ganz am Schied vun der Äerd a fierft sech charakteristesch rout. De "Bluttmound" gesäit ee vun Amerika a vun Europa aus: Vun 3.57 Auer (eiser Zäit) u fänkt de Schied vun der Äerd un, de Mound ze iwwerdecken. Déi total Mounddäischtert dauert da vu 6.26 bis 7.31 Auer, wann de ganze Mound am Schied vun der Äerd ass an d'Faarwe vun Orange bis Kofferrout wiesselen.
Fir déi, déi dee Spektakel verpasst hunn, ass de 7. September eng zweet Chance mat enger zweeter totaler Mounddäischtert, och observéierbar vun Europa aus (awer och Afrika, Asien an Australien).
29. Mäerz: Eng deelweis Sonnendäischtert
Dës deelweis Sonnendäischtert kann een aus Deeler vum Nordweste vun den USA, dem Oste vu Kanada, Grönland, Island an Deeler vun Europa a Russland observéieren. Op der nërdlecher Hemisphär si maximal 92% vun der Sonnescheif vum Mound "verschmiert". Néierens op der Äerd gëtt et awer eng total Sonnendäischtert.

8. November: Dem Saturn seng Réng verschwannen
Am Hierscht kënnt et zu engem gelungene Phänomen, wann de Saturn perfekt am Profil par-Rapport zu der Äerd steet: Dem Saturn seng Réng, déi aus Äispartikelen a Fielse bestinn, schéngen ze "verschwannen". Dëst ass offensichtlech eng optesch Illusioun, d'Réng reflektéieren net méi genuch Sonneliicht wéinst hirer Orientéierung.

13. a 14. Dezember: Déi intensiv "Geminiden"
Bei dëser Schauer vu Meteoritten, déi als eng vun den intensiivste vum Joer ugesi gëtt, gi bis zu 160 Stäreschnäize pro Stonn erwaart. D'"Geminiden" ginn awer 2025 nach méi spektakulär wéi gewinnt, well de Mound méi spéit an der Nuecht opgeet. Den Himmel ass also relativ däischter a bitt ideal Konditioune fir den Hobbyastronom, deen net vum Moundliicht gestéiert gëtt.