Mann wollt Strof vu senger Fra bezuelen a muss elo selwer an de Prisong

Fir d'Police um Fluchhafen zu Dortmund war et e méi spezielle Fall, dee wuel an d'Kategorie "zwou Mécke op ee Schlag" fält.
D'Beamten haten nämlech eng Fra verhaft, well hir Bedruch virgeworf gëtt an et dowéinst e Mandat d'arrêt géint si virläit. Si huet hire Mann kontaktéiert, deen op de Policebüro koum, fir hir Strof ze bezuelen an esou d'Fra aus dem Prisong ze kréien.
Wéi d'Police matdeelt, war de Mann awer wéineg begeeschtert, datt hie sech huet missten ausweisen. An dat wuel aus guddem Grond, well och géint hien en Haftbefeel besteet. Mat de Suen, déi den 42 Joer ale Mann dobäi hat, konnt hie seng Fra "fräikafen". Et war eng Strof vun 300 Euro. Seng eege Strof konnt hien awer net bezuelen, esou datt hie verhaft gouf a selwer an de Prisong koum, wärend seng 36 Joer al Fra entlooss gouf.
Der Meldung vun der Police no gouf et e puer Mandat d'arrête géint de Mann, ënner anerem wéinst Fueren ouni Permis. Dowéinst war hien och scho verurteelt ginn.