Den Donald Trump huet en Donneschdeg seng offiziell Foto als 47. US-President verëffentlecht. An déi änelt staark sengem "Mugshot" aus dem August 2023.

De 24. August 2023 war den Donald Trump jo den éischte fréieren US-President, deen op enger Policefoto veréiwegt gouf. Dat well hie wéinst Walbeaflossung ugeklot gi war.

Anescht ewéi um "Mugshot" huet den Donald Trump um offizielle Portrait zwar keng rout, mä eng blo Krawatt un. Donieft huet hien eng Spéngel an der Form vum US-Fändel un. De Bléck vum designéierten US-President allerdéngs erënnert staark u seng Minn op der Policefoto. Op sengem offizielle Portrait 2017 hat den Donald Trump nach e Laachen um Gesiicht.

Den Donald Trump, deen e Méindeg als 47. President vun den USA vereedegt gëtt, hat seng Policefoto virun annerhallwem Joer op der Plattform X verëffentlecht. Domat hat hie sech deemools op der Online-Plattform zeréckgemellt, nodeems hien nom Stuerm op de Kapitol vun X, deemools nach Twitter, gespaart gi war. Méi spéit huet jo den Elon Musk, dee bekannterweis mam Trump vertraut ass, User, déi wéinst Reegelverstéiss vun der Plattform gespaart gi waren, nees fräigeschalt.

Dem Trump säi "Mugshot" war esou beléift, datt en op T-Shirten, Tasen a Kape gedréckt a verkaf gouf.

RTL

Dem Donald Trump säi "Mugshot" vum August 2023 / © Fulton County Sheriff's Office / AFP