Am neien Davis Center am Central Park komme Dieren an den Asaz, déi am Éislek produzéiert goufen.

Am beléifte Central Park matten zu Manhattan ass den Ament e gréissere Chantier amgaang. An zwar gëtt hei d’Schwämm fir de Summer – respektiv  d’Äispist fir de Wanter komplett nei amenagéiert.

E grousse Projet, bei deem och Material aus dem Grand-Duché integréiert gëtt. Dräi Woche waren aacht grouss Këschte vu Drénkelt, uewe bei Ëlwen, ënnerwee bis an de Big Apple.

Wéi seet een ëmmer sou schéin: Egal wou een hireest begéint ee – gefillt – iergendwéi ëmmer e Lëtzebuerger. Och am beléifte Central Parc zu New York hannerléisst de Grand-Duché elo seng Tracen. Am Abrëll soll den neien Davis Center, dee besonnesch am Summer beléift ass, fir sech ofkillen ze goen, seng Dieren opmaachen. De Chantier ass nach voll am Jumm. Dräi Woche waren aacht grouss Këschte vu Drénkelt ënnerwee bis an de Big Apple. Mat integréiert ginn hei 23 grouss Gliesendieren aus Lëtzebuerg.

Den Dominique Vervoort vun der Firma Brever erkläert: “Mir hunn hei 23 Pivot-Dieren a Serie produzéiert. Dat heescht, mir hunn 4,20 Meter héich Anlagen, déi allkéiers mat enger Fënster equipéiert sinn. Déi kann een dann an der Achs dréinen. Et kann een déi 23 Fënsteren dréinen fir, datt een dotëscht duerchgoe kann. Hei ass allkéiers 1,40 Meter Plaz.

Dat ganzt ass Millimeteraarbecht, déi hei zu Drénkelt nach op der Hand gemaach gëtt. Zesumme mat der Partnerfirma Keller minimal windows gouf de Projet u Land gezunn. D’Rummen an d’Verpeche vun den Dieren ginn am Éislek am Atelier gemaach. Besonnesch mat de groussen Temperaturschwankung zu New York däerf d’Material net schaffen. Soss hänkt bemol de ganze System, ebe mat deenen 23 Dieren.

D’Glasqualitéit ass esou an den USA, oder och anere Länner net ze fannen, respektiv liwwerbar," erkläert den Dominique Vervoort. "Mir hunn an Europa zwee Livreuren, déi dës Qualitéit iwwerhaapt liwwere kënnen. Da kënnt Ingenieursaarbecht dobäi. Mir mussen natierlech och all Tester maachen, fir ze beweisen, datt de Produit Waasser- a Loftdicht ass. Mir hunn en eegenen Test-Zenter hei zu Ëlwen, wou mer dat maachen, zesumme mat enger anerer Entreprise Keller.

Fir de Produit iwwerhaapt kënnen unzebidden, gouf eng eege Maschinn iwwer 7 Méint entwéckelt. Och déi kleng Stécker, déi an den Asaz kommen, ginn individuell geplangt a produzéiert: “D’Elementer goufen extra fir dëse Projet entwéckelt. Elleng d’Ingenieursaarbecht, d’Testen, bis datt mer déi richteg Waasserdichtegkeet haten: Do sinn extra Profiller entwéckelt ginn, fir dat iwwerhaapt garantéieren ze kënnen. Dir musst iech virstellen, bei enger Héicht vu 4,20 Meter, fir déi Wandbelaaschtung aushalen ze kënnen, do kann een näischt dem Zoufall iwwerloossen.”

Et ass net deen éischte grousse Projet fir d’Firma vun Ëlwen. Ëmmer nees ass ee mat Partnerfirmen an den USA, der Karibik, oder an Indien aktiv. Ma New York bléift e ganz spezielle Projet. 11 Tonne Glas goufen Enn dës Joers zu New York agebaut. D’Tester goufen all bestanen. Enger erfollegräicher Ouverture dierft jo dann net méi all ze vill am Wee stoen.