Clienten net begeeschtert iwwert Fermeture vu leschten Alima-Butteker am Land

© Domingos Oliveira
E Samschdeg waren déi leschte Stonne vun den zwee leschten Alima-Butteker am Land, deen um Belair an deen un der Bourse.
74 Joer gouf et den Alima hei am Land. Dës Supermarchéë verschwannen awer vun dësem Samschdeg u vun der Bildfläch vum Lëtzebuerger Commerce. D'Geschäftsraim bleiwen awer net eidel, mä si wäerten an noer Zukunft vun Delhaize iwwerholl ginn. Mat dëser Transitioun ass awer net jiddereen zefridden, wéi eis Kolleege vum RTL Infos erausfonnt hunn.
Zanter de 50er Joren sinn d'Leit an der Stad an den Alima akafe gaangen. "Et ass wierklech traureg" sot eng Cliente virun der Dier vum Buttek, dat um 18. Januar. Dem leschte Dag, op deem et den Alima an der Stad an domadder am Grand-Duché gouf. Op dësem Dag waren awer vill Leit nach eng Kéier heihinner akafe komm. "Et ass schued, datt d'Leit net méi dacks bei eis akafe koumen, wéi dat haut de Fall war", sot e Mataarbechter. "Et gouf Zäiten, do ware mir all Samschdeg voll".
D'Butteker un der Bourse an um Belair bleiwen elo mol fir e puer Wochen zou. Si gi vun Delhaize zesumme mam Personal, wat do schafft, iwwerholl. Mëtt Februar solle se dann ënnert dem neien Numm a mam neie Logo nees opgoen.