D’Fatima Rougi ass am Maroc op d’Welt komm, op Korsika opgewuess an am Grand-Duché opgebléit am Journalismus an an der Kommunikatioun.

Obschonn si wéisst, dass si ee Symbol fir d’Oppenheet vum Land wier, zéckt d’Fraerechtlerin net, fir op d’Schwaachstelle vu Lëtzebuerg hinzeweisen.

"Je monte, je monte… Mes parents se sont dit que j’allais finir au Pôle Nord!" Déi marokkanesch Sonn an de bloen Himmel vu Korsika fille sech haut wäit ewech un, wärend d’Fatima Rougi duerch d'Gäng vun der Philharmonie geet. Dat ass hir Aarbechtsplaz, si ass d’Pressespriecherin.

D’Fatima gouf zu Temsamane am Maroc gebuer, huet do awer just hiert éischt Liewensjoer verbruecht. Op Korsika ass si opgewuess an huet do d’Schoul besicht, éiert si hire Studium ugefaangen huet, deen si op Aix-en-Provence, Grenoble a Paräis geféiert huet.

A Frankräich huet si e Lëtzebuerger kennegeléiert, mat deem si viru ronn 15 Joer d’Entscheedung geholl huet, op Lëtzebuerg ze plënneren. Hir éischt Beruffserfarung war eng Plaz als Journalistin, ma eng aner Aventure hat si gereizt: "C’est vrai que j’ai travaillé assez longtemps dans le journalisme, mais dans ma tête, j’avais toujours la culture." D’Fatima wiesselt bei d’Kulturfabrik zu Esch, wou si siwe Joer laang fir d’Press an d'Kommunikatioun responsabel war. 2024 huet d’Fatima een neien Challenge ugeholl, nämlech de Posten als Pressespriecherin vun der Philharmonie, eng vun de kulturelle Plazen a Lëtzebuerg, déi si am meeschte gär hätt.

Nieft dëser exemplarescher Karriär, ass d’Fatima och Aktivistin. Fir sech nach méi an déi lëtzebuergesch Gesellschaft anzebréngen, ass si 2015 Deel vum Verwaltungsrot vum Planning Familial ginn, eng Plaz vu Bedeitung fir jonk Fraen. Hei huet d’Fatima Äntwerten op Froe fonnt, déi si sech an hirer Jugend ni getraut huet ze stellen. Si ass an enger reliéiser a konservativer Famill opgewuess.

Zu Lëtzebuerg kann d’Fatima mat Houfert behaapten, dass si – mat der Ënnerstëtzung vum Planning Familial an no enger Campagne aus dem Joer 2019 – un enger Gesetzesännerung bedeelegt war: d’TVA fir Menstruatiounsproduiten ass vun 17% op 3% erofgaangen:

"On limite souvent le planning à ses actions en rapport avec l’avortement et les grossesse non désirées, mais ce qu’on oublie souvent, c’est que le planning fait énormément dans les écoles, les foyers, les maisons de retraite… Dans tous les endroits où se manifeste le besoin d’éducation sexuelle et affective."

"On reste quand même dans un pays qui est très conservateur"

Wéi si selwer seet, hätt d’Fatima méi wéi eng Identitéit, an déi Lëtzebuerger wier eng dovun. E Land, wat ganz anescht wier wéi et ausgesäit, esou wéi si selwer, erkläert d’Fatima. Si zéckt awer och net, op d’Schwaachstelle vum Land opmierksam ze maachen:

"Le Grand-Duché se prétend sans problèmes, alors que pas du tout. Au Luxembourg, on va pas se mentir, on peut quand même avoir ce constat global qu'on est plutôt bien lotis. Mais on reste quand même dans un pays qui est très conservateur, qui vient d'une grande tradition catholique. Du coup, il y a encore de gros efforts à faire sur une détabouisation de certains sujets, les menstruations, tout ce qui est lié à l'avortement, le corps des femmes, la contraception, la stérilisation aussi."

Obwuel si haut komplett an déi Lëtzebuerger Gesellschaft agebonne wier, vergësst si net hir Originnen: "La Corse m’a construite. Il y a des valeurs qui sont très corses en moi."