Den Hamburger Verbraucherschutz léisst d'Leit an Däitschland all Joer iwwer dee Produit ofstëmmen, bei deem de Konsument am meeschten hannergaange gëtt.

De Präis fir zejoert, géif dem Verbraucherschutz no kloer un d'Gedrénks "Granini Trinkgenuss Orange" vun der "Eckes-Granini Deutschland GmbH" goen. Dëst hätt bal d'Hallschent vun de Stëmme kritt.

"Eckes-Granini" hätt zejoert d'Hallschent vum Orange-Jus am Gedrénks duerch Zockerwaasser ersat. Doduerch géif de Konsument elo duebelt esou deier bezuelen, fir déi nämmlecht Quantitéit u Jus ze kréien.

Wéi et vum Produzent heescht, hätt een decidéiert, den Undeel vum Orange-Jus am Gedrénks ze reduzéieren, fir de Präis vum Gedrénks trotz de geklommene Präisser an der Knappheet vun den Orange wéinst de schlechte Recolte vun zejoert stabil ze halen.