Een an den Topp 10 an een, deen e Präis gewonnen huet
Wien nach Hoer um Kapp huet an net Angscht virun him huet, huet e schonn op d'mannst eng Kéier a sengem Liewe besicht: De Coiffer.
Et ass ee Beruff, deen ee respektéiere soll. Well net jidderengem geléngt et, fir eng Coupe ze schneiden.
Zwee Mataarbechter vun engem Coiffer Barbier vu Munneref ware kierzlech op zwee verschiddene Concoursen dobäi. Wärend ee vun de Männer et an d'Topp 10 vun deem enge Concours gepackt hat, ass et deem anere souguer gelongen, éischten ze ginn. D'Concourse waren zu Berlin an zu Bordeaux.
D'Kolleege vum Magazin sinn déi zwee Coiffeure besiche gaangen, fir genau am Detail ze kucken, ëm wat et gaangen ass. De Victor Talarico an den Emanuel Tenace erzielen eis hir Experienz a verroden eis, wat dat hinne bruecht huet.