"Léiwer Herrgottsblieschen" oder "Ech gi mat menger Lanter"

© RTL-Archiv
Am traditionelle Liichtmëssdagslidd "Léiwer Herrgottsblieschen" gëtt den hellege Blasius besongen. Ma ëmmer méi dacks fält de Choix op en anert Lidd...
Mat faarwege Lampione geet et an der Grupp duerch d'Däischtert. D'Kanner bleiwe bei all Dier stoen an hoffen op Séissegkeeten, Uebst oder och emol e puer Mënz. Wien hinnen d'Dier opmécht, kritt ee Ständche gesongen.
Am traditionelle Liichtmëssdagslidd "Léiwer Herrgottsblieschen" gëtt den hellege Blasius besongen, deen am 4. Joerhonnert ee Kand gerett soll hunn, dat bal un enger Fëschsprenz erstéckt ass. Säi Gedenkdag ass den 3. Februar, den Dag no Maria Lichtmëss.
Maria Liichtmëss um 2. Februar ass en traditionell kierchleche Feierdag, dee 40 Deeg no Chrëschtdag begaange gëtt a mat deem dës Zäit fréier offiziell op en Enn goung. Am neien Testament ass et den Dag, an deem d'Maria de klenge Jesus déi éischte Kéier mat an den Tempel geholl huet. Nach haut ginn op dësem Dag Käerzen an de Kierche geweit.
Weider Hannergrënn vu Liichtmëssdag fannt Dir hei erkläert vum Alain Atten:
"Ech gi mat menger Lanter" ersetzt ëmmer méi den traditionelle "Léiwer Herrgottsblieschen"
Ma déi lescht Joren huet sech op Liichtmëssdag awer e wéineg eppes geännert, nämlech d'Lidd dat vun de Kanner gesonge gëtt, déi sech mat hire Lampione virun der Hausdier vun de Leit zesummefannen. War et soss ëmmer kloer "Léiwer Herrgottsblieschen", dat gesonge gouf, mécht d'Lidd, dat e wéineg an d'Jore komm ass, ëmmer méi Plaz fir d'Variant "Ech gi mat menger Lanter". Hei den Text vum Lidd:
Ech gi mat menger Lanter
Meng Lanter geet mat mir
Do uewe liichten d'Stären
Hei ënner liichte mir
Meng Luucht geet aus, mir ginn an d'Haus
Rabimmel, rabammel, rabum
Meng Luucht geet aus, mir ginn an d'Haus
Rabimmel, rabammel, rabum
Hei dat méi aalt Lidd, dat de meeschte Leit misst e Begrëff sinn (Quell: piwitsch.lu)
Léiwer Herrgottsblieschen,
Gitt ons Speck an Ierbessen
Ee Pond, zwee Pond,
Dat anert Joer da gitt der gesond,
Da gitt der gesond.
Loosst déi jonk Leit liewen
Loosst déi al Leit stierwen,
(Variante: an déi al derniewent)
Kommt der net bal,
D’Féiss ginn ons kal.
Kommt Der net gläich,
Da gi mer op d’Schläich.
Kommt der net geschwënn,
D’Féiss ginn ons dënn.
Kommt Der net gewëss,
Da kritt Der e Schouss voll Nëss

© RTL Archiv
D'Sécurité routière warnt d'Leit, besonnesch op deem Dag opzepassen
An dësem Zesummenhang huet d'Sécurité Routière dann och nees e Schreiwes mat Rotschléi fir d'Eltere vun de Kanner a fir d'Automobiliste publizéiert.
Esou sollt ee beim Liichtegoen ëmmer um Trottoir trëppelen, oppassen, wann een iwwer d'Strooss geet an dat méiglechst nëmmen op gesécherte Plaze maachen. Ausserdeem sollten esouwuel d'Kanner ewéi och d'Eltere sech esou undoen, dass ee si méiglechst gutt gesäit.

D'Automobiliste op der anerer Säit sollten e Sonndeg besonnesch virsiichteg fueren. Wann een e Grupp vu Kanner um Bord vun enger Strooss gesäit, misst een zu all Ament prett sinn, fir ze bremsen.