Geféierlechen TikTok-Challenge aus den USA elo och an Europa ukomm

© Andy Brücker
Munchmol sinn Challengen an de soziale Medie ganz lëschteg, ma bei deem heiten hält de Spaass awer definitiv op.
Den Challenge kënnt aus den USA a gouf bekannt als "Paracetamol-Challenge". Hei geet et drëm, eng maximal héich Dosis Paracetamol ze huelen, an d'Konsequenzen dann an engem Video ze dokumentéieren. Prinzipiell geet et am Fong drëm, d'Dosis sou héich wéi méiglech ze maachen, ouni dorunner ze stierwen.
A leschter Zäit ass de Paracetamol-Challenge z.B. an der Belsch an an der Schwäiz opgedaucht, wouropshin ënnert anerem déi däitsch Pharma-Autoritéite virun deem Challenge gewarnt hunn.
Paracetamol ass u sech en harmloost Medikament mat wéineg Niewewierkungen, virausgesat et hëlt een et an therapeuteschen Dosen, déi vum Dokter oder dem Apdikter validéiert sinn. Et hëlleft géint Féiwer a géint Péng.
Hëlt een awer ze vill Paracetamol, da kann dat uerg Konsequenze fir d'Liewer hunn, oder am schlëmmste Fall stierft een drun.
Dat bestätegt och de Generalist Dr. Nico Haas, deen absolutt kee Versteesdemech fir deen Challenge huet.
Dr. Nico Haas: "Mäi Papp géif soen, wann een zu der seet: "sprang d'Bréck erof, spréngs de dann och?"
D'Medikament ass geduecht fir ze hëllefen an net fir en Challenge op TikTok.
Dr. Nico Haas: "De Paracelsus, dat war en Dokter, deen zu Basel d'Medezin geléiert huet, fir d'éischt op Däitsch, an deen huet gesot Nichts ist kein Gift, alles ist Gift, allein die Dosis bestimmt ob Gift oder Nichtgift. Sou ass et och mam Paracetamol. An den therapeuteschen Dosen, do hëlleft e géint de Wéi, en hëlleft ginn d'Féiwer, en Effet bénéfique an e mécht praktesch keng Niewewierkungen. Wann een awer iwwerdreift an et hëlt een es ze vill, da kann et Liewerschied ginn. A wann een es ganz ze vill hëlt, kann et zum Doud féieren."
Wat mécht een am Fall, wann een ze vill Paracetamol geholl huet?
Dr. Nico Haas: "Et gëtt wuel en Antidote, deen ee kann huelen. Dee Moment muss een an d'Spidol goen, da kritt ee Perfusioune gemaach vun engem Medikament, awer dat hëlleft och net ëmmer. Also d'Virsiicht ass schonn ubruecht, wann een esou eppes mécht. Ech, fir mäin Deel, géif keng 10 Gramm oder 15 Gramm Paracetamol mateneen huelen, well ech wëll nach eng Zäit liewen."
Den Challenge ass dann och nach zousätzlech geféierlech, well een eréischt 24 bis 48 Stonnen no enger Iwwerdosis d'Niewewierkunge spiert, déi drop hiweisen, dass d'Liewer ugegraff gouf. Deen Ament kann et schonn ze spéit sinn, fir e Géigemëttel ze kréien.