Kroateschen Ex-Buergermeeschter keeft 1,5 Tonne Wirschtercher op Staatskäschten

© AFP Archivbild
Groussen Honger hat wuel e fréiere Buergermeeschter an der kroatescher Stad Zupanja, deen ëffentlech Sue fir 1,5 Tonne Wurschten ausginn huet.
De fréiere Buergermeeschter vun der kroatescher Stad Zupanja gouf wéinst dem Verdacht op Verontreiung vu Staatssue festgeholl. Hie soll an engem Zäitraum vun dräi Joer 1,5 Tonne vun der berüümter wierzeger Wurschtzort "Kulen" mat Hëllef vun ëffentleche Finanzmëttele kaaft hunn.
En extra groussen Honger oder Gloscht op dës Zort Charcuterie hat de Politiker allerdéngs net. Hien huet dës u verschidde Ministèren oder Institutioune verschenkt.
De Milicevic, deen an der Vergaangenheet fir d'rietskonservativ Partei HDZ am Nationalparlament souz, war vun 29 bis 2021 Buergermeeschter vun Zupanja, enger Stad am Oste vu Kroatien.
D'Ermëttlunge géint de Politiker lafen. Och de Proprietär vun der Metzlerei, deem dem fréiere Buergermeeschter d'Wurschte verkaaft huet, gouf festgeholl.