D'Iddi vun engem Dinosaurierpark, déi ee genee wéi an engem Zoo ka bewonneren, ass jo absolut net nei. Se staamt aus engem ganz bekannte Film.

Ma dës Iddi soll elo Realitéit ginn, op d'mannst emol quasi, respektiv esou real wéi et geet. Dat soll mat Hëllef vu modernster Technologie méiglech sinn an ze gesi ginn et sougenannten animatronesch Dinosaurier, also eng liewensecht Kopie.

Gréng Luucht fir den "Jurassic World"-Projet, deen zu Bangkok soll entstoen, gouf et de 6. Februar mam Accord vun der thailännescher Board of Investment, wéi thailännesch Medie mellen. Dësen entsteet an Zesummenaarbecht mat Asset World Corporation (AWC) an NEON. Am Wäert vun 1,2 Milliarden Baht (ëmgerechent bal 35 Milliounen Euro) soll op enger Fläch vu 4.000 Quadratmeter an engem Deel vum "Asiatique The Riverfront" - enger riseger Shopping-Mall mat Restauranten, Butteker an Entertainment. Also direkt nieft dem Floss Chao Phraya, wat dat Ganzt nach méi spektakulär wierke léisst.

D'Responsabeler vum Projet hunn erkläert, dass "Jurassic World: The Experience" Bangkok wäert topographesch  markéieren. Eng eenzegaarteg Attraktioun, ugehaucht un den Hollywood-Film "Jurassic World", wéi gesot, esou realistesch wéi et hautdesdaags scho méiglech ass. Déi liewensecht Nobildunge wäerten zweiwelsouni d'Haaptattraktioun vum Park sinn.

Ma net just Dinosaurier sinn am neie Fräizäitpark geplangt. Nieft den Dinosaurier sollen och d'Kulissen un de Film erënneren a wäerten als Inspiratiounsquell genotzt ginn, fir sou en intensiivt an ëmfaassend Erliefnes fir déi ganz Famill ze schafen.

Iwwregens de Park soll scho Mëtt dëst Joer fäerdeg sinn.