Fra keeft online iwwer Kont vun doudegem Noper an

© UTE GRABOWSKY Photothek Media Labdpa Picture-Alliance via AFP
Wéi et heescht, soll d'Fra aus Erkrath an Nordrhein-Westfalen fir e puer dausend Euro Wueren online kaf hunn, dat iwwert de Kont vun hirem doudegen Noper.
D'Täterin vu 37 Joer, déi der Police och scho bekannt war, hat offensichtlech Zougang op de Kont vum Mann, wéi d'Police zu Mettmann e Méindeg matgedeelt huet. Well nom Doud vum 71 Joer alen Noper keen Iewe bekannt war, gouf am Summer eng Agence agestallt, déi d'Ierfschaft vum Mann sollt verwalten.
Hei gouf bei der Iwwerpréiwung vum Verstuerwene festgestallt, dass nach nom Doud vum Mann an verschiddenen Online-Shops kräfteg akaaft gouf. Der Police no sollen hei Wueren am Wäert vu ronn 3.500 bestallt gi sinn, dorënner Fueskostümer, Kleedung an Ënnerwäsch.
Intensiv Ermëttlunge säitens der Kriminalpolice an Däitschland hu schliisslech dozou gefouert, dass een op déi 37 Joer al Nopesch als méiglech Täterin komm ass.
Bei der Hausduerchsuchung hunn d'Ermëttler eng ganz Partie Beweismëttel konnte saiséieren, dorënner och d'Handyen vun der Fra.