Eng Pub vun 30 Sekonne kascht 8 Milliounen US-Dollar
An der Nuecht op e Méindeg hu Millioune Leit d'Finall vun der amerikanescher Football-Liga NFL, live um Fernsee verfollegt.
Ze gesi gouf et op dësem Mega-Event, nieft dem Match tëscht de Kansas City Chiefs an de Philadelphia Eagles och Museksstaren a Reklammen. Deementspriechend ass et net nëmmen en Dag vum Sport, mä och vu Reklammen, déi speziell fir dës Occasioun produzéiert ginn.
"Et ass dat éischt Joer, wou eng Pub vun 30 Sekonnen 8 Milliounen US-Dollar kascht. E vun de Grënn, firwat de Präis klëmmt ass, well de Public méi grouss gëtt. Mi wëssen d’Leit kucken a suivéieren. Mee et ass och den 'Halo Effekt'. Wann een 30 Sekonnen am Super Bowl huet, da weess een, dass d’Leit wäerten driwwer schwätzen, zum Beispill an de soziale Medien. Et weess een, dass all Medienhaus wäert driwwer beriichten. Et erméiglecht en 'Halo Effekt', déi ee bei kengem aneren Tëleesmoment mat engem 30-Sekonne-Spot erreecht.", seet d’Zoe Ruderman, Chief Content Officer bei Adweek.
Et wäre vill Suen, mee fir d’Marke géing et iwwert d’Joer gesi praktesch kee besseren Ament ginn, fir Opmierksamkeet ze kréien:
"Dat heiten ass ee vun de wéinege Momenter, wou d’Leit zu enger bestëmmter Zäit aschalten. Et si vill Spectateuren a ginn der ëmmer méi. Et ass och e Moment, wou d’Leit sech freeën, Reklammen ze kucken. Si ginn net aus dem Raum oder iwwersprangen se. Et huet ee wierklech en interesséiert Publikum.", ergänzt d’Zoe Ruderman.
Dëst Joer géingen d’Marken op bekannte Gesiichter an Humor setzen. Do sinn zum Beispill d’Meg Ryan, d’Martha Stewart, de Matthew McConaughey, de Billy Crysatl, den David Beckham, de Matt Damon, den Adam Brody, de Ben an de Casey Affleck an de Gordon Ramsay ze gesinn. Et wiere keng Reklammen, déi op kënschtlecher Intelligenz géinge baséieren dobäi. Ma vläicht ass dat jo d'nächst Joer de Fall.