En amüsanten an alkoholräichen Owend hat schwéier Konsequenze fir de Beamte vum japanesche Finanzministère.

De Mann hat nämlech wärend enger Sortie vu fënnef Stonnen, an deene hien eegenen Aussoen no néng Béier gedronk hätt, en Aktekoffer mat Date vun 187 presuméierten Drogendealer esou wéi Leit, déi Cannabis-Som kruten, verluer. Passéiert ass dat Ganzt op enger Tour duerch d'Caféë vu Yokohama. Eréischt no ronn fënnef Stonne war dem Mann opgefall, datt hie säi Koffer net méi dobäi hat.

An dësem waren Dokumenter mat Detailer zu 187 Verdächtege, dorënner Nimm an Adresse vu presuméierten Drogeschmuggler esou wéi Mënschen, déi sech Cannabis-Som schécke gelooss hunn. De Finanzministère huet sech géintiwwer de japanesche Medie fir de peinleche Virfall entschëllegt, duerch deen dat "ëffentlecht Vertrauen" an d'Autoritéite schwéier gelidden hätt.