Wou kënnt de Brauch hier a wéi huet e sech entwéckelt?
Wa mer vu Vältesdag schwätzen, denke vill Leit direkt un e romantescht Iessen a vill Kaddoen. Ma wou kënnt de Brauch vun dësem Dag eigentlech hier?
De 14. Februar verbanne mer mat engem Dag voller Léift, Romantik an, wann ee gären där Schnulzen op der Tëlee kuckt, och mat ville roude Rousen. Haut gehéiert et scho bal zum gudden Toun, datt ee senger Partnerin oder sengem Partner e klengen oder méi grousse Kaddo mécht an eventuell sech nach schick undeet, fir e romantescht Owesiessen hinzekréien.
Traditioun oder erfonnt, fir Geld domadder ze maachen?
Wou kënnt de Brauch fir Vältesdag eigentlech hier? Déi Fro kann ee sech op dësem Dag emol stellen, well et verschidden Theorien a méiglech Piste ginn, déi vun Traditioun bis zu engem clevere kommerzielle Coup kënne goen.
Valentinstag op Däitsch, Valentine's Day op Englesch oder Saint Valentin op Franséisch gi scho mol en Indice, wou den Numm vu Vältesdag kann hierkommen: Vum Hellege Valentin. Well am Verzeechnes vun den Hellegen awer direkt dräi verschiddener op dem 14. Februar stinn, stellt sech dann d'Fro: Vu wéi engem dann elo?
Den Hellege Valentin oder awer déi réimesch Gëttin Juno?
Den éischten Hellege Valentin soll e réimesche Paschtouer gewiescht sinn an den zweete Bëschof vun der italieenescher Provënz Terni. Et ass awer net ausgeschloss, datt béid u sech eng an déi selwecht Persoun sinn. Deen drëtte soll e chrëschtleche Märtyrer sinn, deen an Afrika gelidden huet.

E Bild vum Hellege Valentin an der Parkierch Padernello di Paese zu Treviso an Italien. / © Electa/Leemage (Photo by Mauro Magliani / Leemage via AFP)
U sech kéint d'Traditioun vun eisem Valentinsdag op de Bëschof Valentin vun Terni zeréckgoen. Dëse soll am drëtte Joerhonnert no Christus gelieft hunn a soll jonke verléifte Mënschen, déi laanscht seng Klouschtergäert gaange sinn, eng Blumm geschenkt hunn. Natierlech huet hien och chrëschtlech Koppele bestuet. Dat soll awer fir de Keeser Claudius e Problem gewiescht sinn, well dësen soll Männer fir seng Arméi a keng familljefrëndlech Männer doheem gebraucht hunn. Dowéinst huet hien de Bëschof festhuelen a Käppe gelooss. Der Seechen no soll den Hellege Valentin de 14. Februar 269 gestuerwe sinn.
Den Datum wier awer net vun ongeféier, well de 14. Februar am ale Roum d'Fest vun der Gëttin Juno war, déi fir d'Bestietnis an d'Gebuert steet. Schonn am ale Roum sollen d'Fraen op dësem Dag eng Blumm als Kaddo kritt hunn. Dee réimesche Brauch kéint also iwwerlieft hunn, just net méi als Undenken un d'Gëttin Juno, mä elo ënnert de Chrëschten un den Hellege Valentin.
E Lidd aus dem 14. Joerhonnert als Basis fir den aktuelle Brauch?
Eng weider Theorie ëm den Ursprong vu Vältesdag huet nees mat eisem Bëschof aus dem 3. Joerhonnert ze dinn. Dëser Theorie no gouf ronn 1.100 Joer méi spéit a Frankräich e Lidd komponéiert, an deem den Asaz vum Valentin fir déi jonk Verléift besonge gouf. D'Lidd soll dofir gesuergt hunn, datt sech de Bléck op d'Fra verännert huet an dëser elo méi Respekt entgéintbruecht gouf. Am 15. Joerhonnert solle sech an England "Välteskoppele" forméiert hunn, déi sech géigesäiteg Kaddoen a Gedichter geschéckt hunn. Englänner, déi an Amerika ausgewandert sinn, hunn de Brauch mat iwwert de grousse Pull geholl an d'US-Zaldoten hunn dësen am zweete Weltkrich nees an ofgewandelter Form zeréck an Europa bruecht.
Vältesdag: Eng Erfindung, fir Blummen ze verkafen?

© Rawpixel
Mir hu schonn zwou Theorien, déi u sech awer zesummenhänken, gesinn, déi den Ursprong vu Vältesdag kéinten erklären. Eng drëtt geet an eng ganz aner Richtung: Vältesdag gouf vun de Blummenhändler erfonnt! Een Dag am Joer, nieft Allerhellegen an Allerséilen, vu Blumme kaf ginn, fir op de Kierfecht ze leeën, wou d'Blummen am Vierdergrond solle stoen, wou all Mann senger Fra, Frëndin oder eventueller Zukünfteger e Bouquet Blumme soll kafen, fir seng Léift ze weisen. A wann ee bedenkt, wéi vill Koppelen et ginn, wéi vill Blummen op deem Dag verkaf ginn a wéi deier d'Blummen op deem spezifeschen Dag sinn, kéint een dës Iwwerleeung novollzéien. Ma esouguer d'Kierch, déi Mëtt de 1960er Joren net esou iwwerzeegt iwwert den uewen erkläerten Ursprong vu Vältesdag méi war, well d'Liewe vum Hellege Valentin net wierklech nogewise konnt ginn, ass haut kloer dran, datt den Dag op de réimesche Bëschof Valentin zeréckgeet an net vu Blummenhändler an d'Liewe geruff gouf.
Kaddoen a Co: Wat ass Traditioun a wat verschenkt een esou weltwäit?
Traditionell: Blumme, Schockela a Co
Iwwer eng Traditioun brauche mer wuel net nach vill ze schwätzen: Well egal wéi eng Ursprongsgeschicht een héiert, d'Blumm spillt dobäi eng wichteg Roll. Ma hei gëllt et awer opzepassen, well net all Blumm, egal wéi schéi se ausgesäit, steet fir Léift. Dofir ëmfrot Iech léiwer am Beschten am Blummebuttek vun Ärem Vertrauen.
D'Blumme kann een natierlech och duerch Knippercher oder änlechem ersetzen, wat de Partner oder d'Partnerin ebe gär huet.
Dann e ganz perséinleche Kaddo: Huelt Iech Zäit fir Äre Partner. Maacht eppes zesummen, wat béide Spaass mécht. Dat kann en Iessen oder e klengen Ausfluch sinn, ëmmerhi kéint een dëst Joer de Vältesdag iwwert de Weekend verlängeren. Ma och e gemittlechen Owend zu zwee doheem oder e Menü, deen een zesummen an der Kichen zaubert, ka Vältesdag speziell maachen.
Bijouen oder Auere sinn dann e weidere beléifte Kaddo, deen ee senger Partnerin oder sengem Partner ka maachen.
Vältesdag weltwäit
Traditioun an den USA: Eng Kaart. 200 Millioune ginn där Vältesdag-Kaarten ëm de 14. Februar verschéckt. Aus Filmer a Serien ass eis dann och hei bekannt, datt bei US-Teenager e richtege Concours entsteet, wien déi meeschte Kaarte geschenkt kritt.
A Japan ass een dogéint richteg séiss ënnerwee. Hei gëtt um 14. Februar gäre Schockela verschenkt, awer dat net just un de Frënd. Well op eisem Vältesdag kréien d'Männer vun de Fraen entweder den "Honmei Choco", dee fir de Partner op der Mann geduecht ass, oder den "Giri Choco", wat éischter fir Frënn, Kolleegen oder Aarbechtskolleege virgesinn ass. A béide Fäll ass et awer donkele Schockela. E Mount méi spéit um "White Day" kréien d'Madammen da wäisse Schockela zeréck.

© Photo by Yukia Watanabe / Yomiuri / The Yomiuri Shimbun via AFP
Kleng Kaddoen, vu Kaarten iwwer Schockela gëtt a Finnland verschenkt. Ma hei ass den "Ystävänpäivä" net den Dag vun de Koppelen, mä éischter vun der Frëndschaft. Esou gëtt op dësem Dag gären emol eppes un d'Noperen, gutt Kolleegen oder Bekannte verschenkt.
D'Zeeche vun der éiweger Léift gëtt ee sech op Vältesdag dann an Italien. Hei ass et Traditioun, datt een e Schlass mat den Initiale vun der Koppel un enger Bréck fixéiert an de Schlëssel dono an d'Waasser gehäit. Et soll "déi éiweg Léift" symboliséieren.
Och a Brasilien feiert een den "Dia dos Namorados" net de 14. Februar, mä den 12. Juni. Kaddoen hei: Blummen, Schockela oder och emol e Bong, fir sech selwer eppes kafen ze kënnen.
Fun Fact: Vältesdag ass den Dag vun der "grousser Fro"
Seng Partnerin oder säi Partner op Vältesdag ze froen, ob ee sech bestuede soll, läit op der Hand. Datt een domadder awer net eleng ass, muss ee sech awer bewosst sinn. Schätzungen no gëtt déi "wichtegst vun alle Froen" op deem Dag eleng an den USA ronn 220.000 Mol gestallt.
An och d'Hochzäite sinn deen Dag beléift: Den Datum ass scho bekannt a souwisou am Kalenner vun de meeschte Männer scho fett markéiert. Net verwonnerlech also, datt 3 Millioune Koppele sech op deem Dag wëlle bestueden.