"Gascht an Näid an Näid a Gascht ass Sträit a Knascht"

© Pierre Weimerskirch
Eemol d'Woch eng Schnok vum Lex Roth. Op rtl.lu publizéiere mir all Woch ee Video mat enger Kuerzgeschicht geschriwwen a gelies vum Lex Roth.
De Lex Roth, fréiere Proff, ass bekannt fir säin Engagement fir d’Lëtzebuerger Sprooch.
Seng Schnoke beschreift hien esou: Et sinn, Texter, déi ee bestëmmte Rhythmus hunn, a wa méiglech, en éierbare Raim, awer ouni d'Sprooch ze verdréinen. Soudatt d'Sprooch hire ganz natierleche Floss huet.
"Ech schreiwe gär, mee déi Schnoke-Geschicht hei, dat ass eppes ganz anescht, wéi dat wat ech gewéinlech iwwert d'Sprooch schreiwen. Dat ass eng aner Saach. Ech halen déi zwou Saachen auserneen."
Theeme vun de Schnoken
Theemen, déi an de kuerzen Texter ugeschwat ginn, ginn aus vu Gedanken aus dem Alldag iwwer d'politesch Situatioun oder d'Weltsituatioun.
"Mee och iwwer Saachen, déi e bësse méi philosophesch kléngen, zum Beispill, fir elo eng ze nennen, déi iwwert de Gascht geet, iwwert den Näid. Gascht an Näid an Näid a Gascht ass Sträit a Knascht."
Fir de Lex Roth ass d’Lëtzebuergescht d’Haaptstéck vun der Identitéit vum Lëtzebuerger.
Mat der Woche-Schnok um Mëttwoch wëll hien eppes fir d’Lëtzebuerger Sprooch maachen an am beschte Fall och zum Schmunzelen alueden.