Blummen, Schockela, e romantescht Iessen oder eng Massage. Op dësem Dag ginn et vill Méiglechkeete besonnesch u seng Partnerin oder säi Partner ze denken.

Rout Rouse gehéieren op Vältesdag ewéi de "Weihnachtsstern" op Chrëschtdag. "Awer och e flotte, faarwege Fréijoersbouquet mécht de Leit vill Freed", sou d’Jeanette Lobner, Fleuristin vu Fëlschdref.

Virun allem Männer kéimen op Vältesdag an de Buttek. Si hunn d’Blummen dann am Virfeld schonn iwwer Telefon bestallt a kommen de Bouquet no der Aarbecht sichen. An der Moyenne wär de Client bereet, ëm déi 50 Euro fir dëse speziellen Dag, den Dag vun de Verléiften, fir e Bouquet Blummen auszeginn. Munchmol souguer nach driwwer.
"Virdru waren zwee Bouwen am Buttek. Dat si keng 50 Euro Täschegeld fir Blummen hunn, ass kloer. Si kréien natierlech och eppes fir 20 Euro", sou d’Jeanette weider. Si kennt dës Kanner scho vu Klengem un. D’Butteksfra huet eng grouss Stammclientèle zu Fëlschdref.
 
Dacks kéimen d’Leit och nach op de leschte Stëppel era fir eng Blumm oder en Arrangement. Dat wär och kee Probleem.

D’Jeanette ass gebierteg vu Stuttgart. Aus hirer Famill hätt ni een an dëser Branche geschafft. Duerch e Stage wär si deemools a Kontakt mat dësem Beruff komm an hätt sech direkt an dëse verléift. Zanter mëttlerweil 30 Joer huet déi ganz äerdeg Geschäftsfra hire Buttek an der Duelemer Gemeng.
 
Op dësem Dag, Vältesdag wären d’Blummen och e Stéck méi deier, souwuel am Akafs- ewéi Verkafspräis. "Eng rout Rous kéint gutt a gären op Vältesdag 7,50 Euro kaschten. Dobäi wär et nach net déi mam déckste Kapp oder längste Still. [...] An enger Woch géifen d’Präisser erëm changéieren", erzielt mir d’Geschäftsfra nach am Interview.
 
Well Vältesdag dëst Joer op freides fält an d’Schoulvakanz ufänkt, wou eng Partie Leit an d’Vakanz fuere géifen, kéint ee feststellen, dass manner Commandë gemaach goufen. Dëst konnt mir d’Jeanette Lobner och nach verroden.

Vältesdag: Dag vun der Léift a vum Konsum

De Chris Meisch war nofroen, wéi eng Roll Vältesdag bei de Leit spillt. Eng Plaz, wou een op Vältesdag vill verléifte Leit begéint, ass an de Restauranten. Vill sinn op dësem Dag komplett ausgebucht, sou wéi och beim David Monaco, hien ass Patron vun engem Restaurant.

„Comme tous les ans, c‘est une journée très chargée, beaucoup de réservations avec un premier, un deuxieme et un troisième service comme on ferme la cuisine à 23 heures, 23 heures 30. Donc comme d‘habitude ca va être une journée très remplit avec biens sûr beaucoup de tables à deux, les amoureux.“

Bei de Blumme sinn déi rout Rousen nach ëmmer de Klassiker op Vältesdag. Déi kaschten an der Moyenne tëscht 5 a 7 Euro d‘Stéck erkläert d‘Fleuristin d‘Jeanette Lobner. Déi meescht Clientë gi bei hir an der Moyenne 50 Euro aus op Vältesdag. Vältesdag wier op d‘Joer gekuckt awer net den ustrengendsten Dag.

"Mammendag do huet een dacks mindestens zwee Bouqueten. Do hues du dann och nach d‘Mamm vun der Fra oder dengem Partner. Dat ass dann nach een anere Volume. Et verdeelt sech och, wann ech esou am Bekanntekrees ronderëm lauschteren , da kritt een e Check Cadeau fir Massagen oder et geet een an de Restaurant oder du kriss ee Parfum. D‘Blumm ass net nëmmen den Haaptcadeau.“

Vältesdag huet seng Traditioun a méi wéi 70 Länner. Wéi een den Dag vun der Léift feiert variéiert jee no Kultur a regionalen Traditiounen. Fir seng Léift ze weisen, muss een awer net onbedéngt Suen ausginn. Eppes Selwergemaachenes, zesummen Zäit verbréngen oder eng flott Aktivitéit zu zwee ginn dacks duer, fir sengem Partner oder senger Partnerin eng Freed ze maachen.