Méi nohalteg, vill Proteinnen a Vitaminn D

© AFP
Zënter knapp zwou Wochen dierf an der EU e mat UV-Strale behandelt Polver aus Mielwierm a Liewensmëttel verschafft ginn. Dat huet sou munche Virdeel.
Déi giel Larve sinn an Asien e beléifte Snack a gëlle gären als Superfood, well se immens vill Proteinnen hunn. Zënter 2021 sinn d'Mielwierm als Liewensmëttel an der EU zougelooss. Elo dierf an der EU awer och e Polver aus de Mielwierm an de Liewensmëttel verschafft ginn. Dëst Polver gëtt mat UV-Strale behandelt. Doduerch kënnt och nach en héije Vitamin-D-Taux am Polver dobäi. Eng franséisch Entreprise huet d'Patent a wäert fir den Ufank déi eenzeg sinn, déi d'Polver aus Mielwierm produzéiert a verschafft.
Nieft de Proteinnen an dem Vitamin D hunn d'Mielwierm nach e weidere grousse Virdeel. An zwar si si vill méi nohalteg an der Produktioun. Et gëtt net esou vill Waasser an Energie verbraucht, wéi beim Schwéngs- oder Rëndsfleesch an d'Produktioun vun de Mielwiermer brauch net esou vill Plaz. Et misst een awer soen, dass d'Produktioun vun dësem Polver den Ament nach zimmlech opwänneg ass, erkläert d'Ernierungsberoderin Nathalie Weber.
An awer schéngt sech hannert dem Mielwuerm-Polver näischt Negatives ze verstoppen? Kéint sech dëst dann als alternativ Proteinquell an Europa duerchsetzen?
Dat wier aktuell nach net de Fall, mengt d'Nathalie Weber. Den Ament dierfen nëmme 4 Gramm Polver op 100 Gramm agesat ginn. Dat entsprécht 4 Gramm a ronn 3 Tranche Brout.
"D'Wierm enthale 50 bis 55 Prozent Proteinnen. Mee och hei ass dann erëm 50 Prozent bei menge 4 Gramm, déi bäigesat ginn, mécht dat dann 2 Gramm Proteinnen a mengen dräi Tranche Brout. Dat ass net riseg. Zemools wann ech bedenken, dass d'Brout selwer, déi dräi Tranchen, déi enthale schonn 10 Gramm Proteinnen. Dat heescht, d' Brout selwer huet méi Proteinne wéi dat Polver vun deene Wierm, déi ech bäifügen."
Eng richteg Alternativ wier et also nach net, do hätt ee méi gewonnen, wann ee wäisse Kéis oder eng Tranche Kéis op d'Schmier mécht.
Allgemeng wier et awer eng gesond Alternativ an definitiv net schiedlech. Do géifen et chemesch Substanze ginn an eise Liewensmëttel, déi definitiv méi ongesond sinn. Villäicht sollt een de giele Wiermercher also eng Chance ginn, och wann de Gedanken un d'Larv deen een oder aneren uneekelt.