Iwwer Sex schwätzen - an de Soziale Medien net erwënscht

© Joseph Mucira / Pixabay
Sex ass scho laang net méi en Tabuthema, wéi dëst fréier de Fall war. Am Internet schéngt dat nach net sou ganz ukomm ze sinn. Dobäi ass dëse voll vu Sex.
Am Internet fënnt ee mat e puer Klicks direkt Biller vu plakege Fraen a Männer. Et gi Videoen, iwwer déi ënnerschiddlechst Fetischen a villes méi. Ma grad do wou d'Leit sech am meeschten austauschen - an de Soziale Medien - schéngt Sex awer en Tabu ze sinn. D'Notzer huelen dat awer net hin a fannen hire Wee laanscht dës Spär. An dat mat hirer eegener Sprooch: Algospeak. Dat ass eng Sproochform, déi sech an de Soziale Medien entwéckelt huet, fir d'Filterung vun "net erwënschten" Inhalter op Tiktok oder Youtube ze ëmgoen.
Aubergine, Mais oder Piisch
Dat ass keng Akafslëscht, mee bezeechent de Penis, Porno an den Hënner. Wann een dat nach ni gesinn oder benotzt huet, schéngt dat villäicht komesch, ma an de Soziale Medie sinn d'Emojien, also d'Biller, vun dësem Geméis an Uebst stellvertriedend fir Wieder, déi een op Tiktok, Facebook a Co net ausschreiwen dierf oder soll. Wann een zum Beispill a sengem Video Sex oder Penis stoen huet, da kann de Video oder souguer den Account séier gespaart ginn.

Ma Algospeak ass net nëmmen d'Notze vun Emojien. Och Wieder, déi net erwënscht sinn, ginn einfach e bëssen ëmgeschriwwen, fir dass de Filter dës net erkennt. Sou gëtt Sex dacks Seggs oder S€x geschriwwen. Amplaz Porn gëtt dacks Corn geschriwwen, dat englescht Wuert fir Mais. D'Vagina heescht VV oder Coochie.
Dacks gëtt einfach nëmmen ee Buschtaf ersat, also V@gina oder P€nis. Dëst eleng geet duer, fir de Filter an de Soziale Medien ze ëmgoen, soulaang een net vun aneren Notzer dofir gemellt gëtt.
Algospeak fir Opklärung
Dës Sproochform gëtt net ouni Grond genotzt. Déi Sozial Medien hunn zwar hir Nodeeler, ma bidden awer och e Raum fir Opklärung an Informatioun. Sou ginn et ëmmer méi Influencer, déi ënnert anerem iwwert alles schwätzen, wat am Bio-Cours net sou am Detail thematiséiert gëtt. An Däitschland gëtt zum Beispill d'Influencerin Marie Joan als neien Dr.Sommer vun Tiktok bezeechent. Déi jonk Fra erzielt vu Rambazamba (Sex), kläert iwwert d'VV (Vagina) op a schwätzt alles un, wat engem selwer villäicht onangeneem wier.
Net nëmmen iwwer Sex soll net geschwat ginn
Betraff vun dësen inhaltleche Filter sinn net nëmme Begrëffer, déi mat Geschlechtsverkéier oder plakeger Haut ze dinn hunn. Och munch psychesch Erkrankunge wéi Magersucht oder Borderline, awer och Sujete wéi Ofdreiwung sinn an de Soziale Medien net gär gesinn. Dat huet domat ze dinn, dass een aner Notzer schütze wëll an domat d'Nomaache wëll verhënneren. Sou kann ee gespaart ginn, wann een doriwwer schwätzt, wéi Leit sech selwer blesséiere respektiv iwwer Suicide oder Iwwerginn am Kader vu Magersucht.
D'Iddi dohannert ass à la Base net schlecht. Et wëll ee vulnerabel Leit schützen an net zu geféierlechen Aktiounen ustëften. Ma et ginn awer och hei vill Leit, déi mat hirem Contenu opklären, an domat Betraffener ënnerstëtze wëllen an déi ginn an dat selwecht Dëppe gehäit a ginn ebe wéi gesot gespaart oder verléieren u Visibilitéit. An dofir notzen och dës Influencer dëse spezielle Sproochgebrauch.
*Leit, déi suizidär Gedanken hunn, kënnen Hëllef bei SOS Détresse um Telefon 45 45 45 kréien. All Informatioune fënnt een op www.prevention-suicide.lu.