Risegt Lach zu Villerupt: E "warscheinlech natierleche" Phenomeen?

© RTL
Ufank Januar war e grousst Lach virun engem Haus zu Villerupt opgaangen an huet eng Rei Froen opgeworf. D'Enquête leeft nach, ma et géing schonn Hiweiser.
Den 2. Januar ass virun der Afaart vun engem Haus zu Villerupt de Buedem zesumme mam Trottoir agesackt an huet e Lach hannerlooss, dat e puer Meter breet an ursprénglech eng 2,5 Meter déif war. Ma antëscht hätt sech d'Déift verduebelt, woubäi Experten net ausschléissen, datt et nach e vill méi e grousse "verstoppten" Huelraum gëtt.
Eng Tatsaach, déi d'Awunner vun der Rue François Raspail zu Villerupt beonrouegt. "Mir hu vläicht en Drama evitéiert. En Noper huet eis erzielt, datt hien den 1. Januar säin Auto nach op där Plaz geparkt hat, wou d'Lach den nächsten Dag opgedaucht ass", huet de Buergermeeschter vun der Gemeng Pierrick Spizak eise Kolleege vum RTL Infos géigeniwwer erkläert.

Rout ëmkreest de Secteur, wou de Buedem agesackt ass. / © BRGM
Nodeems de Buedem agesackt war gouf ee Sécherheetsperimeter ageriicht, d'Strooss fir den Trafic gespaart an d'Waasser- an d'Gasversuergung ënnerbrach. An den Haiser op der Nummer 16 an 18, déi am nooste vum Lach leien, ka kee méi wunnen. D'Awunner vun der Nummer 18 goufen ëmgesidelt, op der Nummer 16 huet zum Zäitpunkt vum Virfall scho kee méi gewunnt. D'Ermëttlungen daueren elo scho bal zwee Méint an déi éischt Konklusiounen deiten op eng "warscheinlech natierlech" Ursaach hin.
Stabilitéit vun Haiser "net garantéiert"
Wéi aus dem Rapport vum Bureau de recherches géologiques et minières (BRGM) ervirgeet, dee mat enger Expertis beoptraagt gi war, déi RTL Infos virläit, géing et "weiderhi sëllegen Onkloerheeten iwwer den Huelraum ginn, virun allem iwwer seng Extensioun a seng Geometrie, mä och iwwer de Prozess vu sengem Ursprong. Et gëtt als warscheinlech ugesinn, datt sech d'Situatioun weiderentwéckelt (Presenz vu Rëss op der Fuerbunn, ënnerierdeschen Terrain etc.), wat zu enger Vergréisserung vum Lach féiert. D'Dynamik vun der Entwécklung kéint séier sinn, virun allem no staarkem Reen". Wann d'Wieder also reenereg bleift, kéint den Ierger nach net eriwwer sinn.
Vue datt et den Experten awer net gelongen ass, "d'Déift vum ënnerierdeschen Huelraum, deen d'Lach verursaacht huet", ze bestëmmen, ass d'Stabilitéit vun den Haiser 16 an 18 also "net garantéiert", grad ewéi d'Fuerbunn direkt virdrun, "déi als geféierlech klasséiert" gouf.
Zil vun der Etüd vum BRGM, deen op Geotechnik spezialiséiert ass, wier et, "d'Presenz vun engem ënnerierdeschen Huelraum am Beräich vun der Strooss an de betraffenen Haiser festzestellen" an "adaptéiert Mesurë virzeschloen, fir d'Lach ze fëllen. Dat ass wichteg, fir d'Awunner berouegen ze kënnen, well ech si mir bewosst, datt et eng beonrouegend Situatioun ass", esou de Buergermeeschter nach am Interview.
"Ënnerierdeschen Huelraum" als Haapthypothees
Der Haapthypothees am Rapport vum BRGM wier de Buedem doduerch an de Koup gefall, well "den ënnerierdeschen Huelraum deelweis oder komplett eng Ruin" wier. Dobäi erënnert de BRGM dorun, datt "d'Gebitt op engem Kalleksteeplateau (Kalleksteen aus Bajocien) läit, dee lokal Hielen opweise kann. Duerch de Volume vum tounhaltege Buedem, deen an de Koup gefall ass, an der Extensioun vum agesackte Beräich an der Géigend vum Lach kéint en Huelraum, deen deelweis ënnert dem Grondstéck Nummer 16 an 18 an ënnert der Fuerbunn geet, d'Ursaach vum Duerchernee sinn".

© RTL
Trotzdeem wier et "den aktuelle Kenntnisser no net méiglech, festzestellen, wéi ee Prozess um Wierk ass", heescht et nach am Rapport, an deem weider méiglech Pisten opgelëscht sinn:
- E séiere "Vidange" vun engem Huelraum, dee mat Leem gefëllt ass, duerch exzeptionelle Reen oder grousse Waassermassen entstanen ass. An de leschte Méint ass an deem Gebitt vill Reen gefall, dat a Verbindung mat Temperaturen ënnert dem Gefréierpunkt an den Deeg, éier de Buedem agesackt ass.
- De Leem kéint sech duerch d'Grondwaasserzirkulatioun geléist hunn, wouduerch e Vakuum entstanen ass, dee bis un d'Uewerfläch klëmmt, bis dës bemol brécht.
- Oder den Daach vun engem Huelraum am Kalleksteen ass gebrach an huet de ganzen Terrain uewendriwwer matgerappt.
Kritik géint Gemeng a Steebroch
An de sozialen Netzwierker gouf et vill Kritik un der Gemeng, nodeems d'Lach opgedaucht ass. Enger Kritik no hätt d'Gemeng e vereelzt Waassernetz, wouduerch et zu ville Fuitte kéim. Och am Rapport vum BRGM steet, datt et schéngt wéi wann de Facteur, deen d'Lach ausgeléist hätt, "déi vu Veolia entdeckt Waasserfuite ënnert der Wunneng" wier.
De Buergermeeschter erënnert och dorun, datt, wéi d'Lach opgedaucht ass, "Ekippe vum Bedreiwer Veolia schonn un enger Fuite am Drénkwaassernetz geschafft hunn", dat an der Géigend entdeckt gi war. Ausserdeem wier "den Huelraum, dee schonn existéiert huet", duerch d'Aarbecht vun der Firma wuel net entdeckt ginn. Veolia hätt "de Problem gewëssermoossen un d'Liicht bruecht".

© RTL
Donieft gëtt och dacks e Betrib vun engem Kalleksteebroch an der Nopeschgemeng Audun-le-Tiche kritiséiert. Och de Buergermeeschter vu Villerupt wërft d'Fro op, ob d'Sprengungen, "Vibratiounen ervirruffe kéinten", wouduerch d'Buedem méi séier an de Koup gefall ass. Trotzdeem géing hien d'Firma net fir de Virfall responsabel maachen.
De Buergermeeschter betount dann och nach, datt "den Dossier zur Unerkennung als Naturkatastroph séier eragereecht gouf. Mir waarden elo op d'Confirmatioun a wann dat de Fall ass, gëtt confirméiert, datt et tatsächlech en Naturphenomeen" war, wouduerch d'Lach entstanen ass.
Et misst awer och un d'Biergbau-Geschicht an déi sëllege Stollen erënnert ginn, déi et an der Grenzgemeng nach gëtt. Donieft wier et och net, déi éischt Kéier, datt de Buedem zu Villerupt noginn huet: "2020 gouf et schonn e Lach an der Rue Emile Zola. An Ufank den 2010er Jore gouf et eent an der Géigend vun der Residenz Robespierre", erënnert sech de Buergermeeschter. An der selwechter Géigend war "an den 1970er Joren en Haus carrement an de Koup gefall".
Nach méi Detailer zum Virfall an den Ermëttlunge fannt Dir am Artikel vun RTL Infos.