D'Stroosseschëlder zu Zürech gi méi divers

Eng Luucht mat enger homosexueller Koppel zu Wien. / © wirestock on Envato
Zu Zürech sollen d’Stroosseschëlder an Zukunft d’Diversitéit vum Vollek besser representéieren.
D’Parlament vun der Stad huet ee Postulat zu dësem Thema ugeholl. Och an anere Schwäizer Stied ass dëst een aktuellt Thema. D’Lynn Welter vun Olten am Kanton Solothurn mat den Detailer.
Den Zürecher Gemengeroot - d’legislatiivt Gremium vun der Staat - huet am Januar ee Postulat vun de Sozialisten zu méi gendergerechte Stroosseschëlder ugeholl. An Zukunft sollen op de Schëlder net nëmme männlech Figuren duergestallt ginn, mee och Fraen, Senioren oder homosexuell Koppelen.
Den Text gouf vun dräi Membere vun de Sozialisten agereecht a wëll erreechen, datt d’Frae méi visibel sinn am ëffentlechen Raum. D’Rietsparteien SVP an FDP sinn dogéint. Si sinn der Meenung, datt esou eng Mesure net zur Gläichberechtegung vu Fra a Mann bäidréit a kritiséieren, datt d’Ëmsetzung vum Vollek duerch d’Steiere finanzéiert ginn soll.
Den Dossier geet elo un d’Zürecher Regierung, déi dës Mesuren ëmsetzen soll. Zürech ass net déi éischt Schwäizer Stad, déi sech mat dësem Sujet befaasst. Schonn 2020 huet Genève d’Hallschent vun de 500 Stroosseschëlder ëmgeännert a méi divers gestalt.
D’Sarah Droz ass Responsabel fir d’Plange vum Verkéier an Expert beim Veräin Lares, dee sech dofir asetzt, datt am ëffentleche Raum d’Bedierfnesser vu jidderengem respektéiert ginn, ob Mann oder Fra, Kanner oder Erwuessener, Vëlos- oder Autosfuerer. Fir hat prägen d’Stroosseschëlder den ëffentleche Raum an déi meescht Leit gesinn se all Dag, wann och onbewosst. Dofir ass et wichteg, datt si och d’Diversitéit vun der Gesellschaft reflektéieren, fir datt d’Gläichberechtegung weiderentwéckelt gëtt.
Aner Mesuren an dësem Beräich sinn zum Beispill, datt Stroossen och no Frae benannt ginn. Ee Projet, deen ënner aneren zu Genève am Gang ass ëmgesat ze ginn.