Eigentlech sollt d'Riserad op Silvester 1999 als Millenium Wheel an dat neit Joerdausend dréinen. Haut viru 25 Joer gouf et dunn eng verspéite Première.

Wéinst technesche Probleemer war näischt ginn aus der spektakulärer Ouverture um leschten Dag vum 20. Joerhonnert. Dat deemools mat 135m héchste Riserad vun der Welt gëllt entretemps trotzdeem als Wouerzeeche vun der brittescher Haaptstad.

D'Iddi dozou war der deemoleger Architektin Julia Barfield an hirer Kiche komm. 32 verglaaste Gondelen, déi jeeweils bis zu 28 Persoune mathuele kënnen, sinn esou arrangéiert, dass de solvente Visiteur eng praktesch ongestéiert Vue huet op London an Ëmgéigend. Een Tour dauert bal eng hallef Stonn, a kascht £29. Net geschenkt. Trotzdeem si bis haut ronn 85 Millioune Visiteure matgefuer.

RTL

© Pixabay

Vu £44 u kommt Dir méi séier bäi, Formulle fir Téi ze drénke wärend der Ronn gëtt et och. Very british. Oder léiwer Schampes? Fir ëm d'Hand vun ärer Léifsten unzehalen? You're welcome - méi wéi 8000x ass dat scho passéiert um London Eye. An Hollywood war och scho puermol zu Gaascht. Mary Poppins, Batman an James Bond huet et gefall.

Entretemps si se frou zu London, dass dat risegt Rad gebaut, a bäibehale gouf. Ugangs war geplangt, de Millenium Wheel no 5 Joer erëm ofzerappen. Et belieft awer dat südlecht Ufer vun der Thames, et ass een direkt bei der Westminster Bréck, an d'Waterloo-Statioun ass de nooste Metro.

RTL

© Pixabay

Dass de London Eye, deen ënner Mathëllef vu British Airways finanzéiert gi war, zanter 19 Joer scho net méi dat héchst Riserad vun der Welt ass, interesséiert kee méi. D'Leit kommen awer. Wien sech deen deieren Tour net leeschte wëllt, fënnt uewen um Museum Tate Modern eng gratis Alternativ mat enger änlecher Vue. D'Madame Barfield dierf iwwregens puermol d'Joer gratis op hirem Liewenswierk matfueren.