E Samschdeg ass e Mann mat engem palästinensesche Fändel op dat berüümt Londoner Waarzeeche geklotert an huet sech um Klackentuerm néiergelooss.

D'Police war e Samschdeg géint 7.20 Auer Lokalzäit alarméiert ginn, ma de Mann ass eréischt géint Hallefnuecht nees erofgeklommen a konnt dunn och vun der Police verhaft ginn.

D'Bréck, déi iwwert d'Themse a Richtung Westminster-Palais geet, zu deem jo och de Big Ben gehéiert, war wärend der Aktioun vum Mann zougemaach ginn. Dëst huet zu engem gréissere Verkéierschaos am Zentrum vu London gefouert. Vill Leit, déi dës Aktioun wollte gesinn, hate sech virum Big Ben versammelt.

Esouwuel d'Pompjeeë wéi och Rettungsekippe waren de ganzen Dag am Asaz, konnten de Mann awer net dovun iwwerzeegen, nees vum Klackentuerm erofzeklammen. D'Police huet um Sonndeg de Moien, nodeem de Mann festgeholl gi war, vun engem "laangwierege Virfall" geschwat.

Mat Hëllef vun enger Hiewebün hat d'Police probéiert, de Mann um Tuerm z'erreechen a si hu iwwer Megaphon mat him geschwat. "Ech wäert just zu mengen eegene Konditiounen hei nees erofkommen", huet ass op Opnamen ze héieren, déi an de soziale Medien den Tour gemaach hunn. Hien hat eng schwaarz Jackett un an eng gro Kapp op sengem Kapp. Nieft dem palästinensesche Fändel hat hien och e Palästinenserduch bei sech. Hie war buerféiss op de Big Ben geklotert, wat dozou gefouert hat, datt seng Féiss bluddeg waren.