No der Ieselsstad virun enger Woch waren d'Fuesgecken e Sonndeg am Süde vum Land ënnerwee.

Bei der 34. Editioun vun der Schëfflenger Kavalkad hu 40 Gruppe matgemaach. Ënnert hinnen de Fuesveräin Knabbermais, fir deen dëst Joer eng ganz laang Traditioun op en Enn geet. D’Lynn Cruchten war fir eis mat vum Fuescortège zu Schëffleng.

D'Léift zu der Fuesent huet bei de Knabbermais offiziell 1996 ugefaangen. Zënterhier war een all Joer mat nawell gréisserem Opwand bei Kavalkaden dobäi. Zu Schëffleng war et dës Kéier déi 28. Participatioun.

D'Andrée Tapp, Presidentin Fuesveräin Knabbermais, seet, dass sech iwwert d'Joerzéngten op de Kavalkaden dach munches geännert hätt. D'Reglementer wiere méi streng ginn, Kamellen, Petzien a Gadgeten méi deier, grad ewéi d'Baumaterial fir d'Ween. Mat Grënn firwat d'Knabbermais no dësem Joer ophalen.

Dee leschten Tuer duerch Schëffleng huet sech dann awer nach emol gelount. Ëmmerhi ware beim gudde Wieder eng 18.000 Leit kucke komm. Am Ganze waren am Fuescortège 17 Ween, 3 Museksgruppen an 20 Fousstruppen ënnerwee.

An déi vill Fuesboke wäerten och den nächste Weekend um Dill sinn, wann an der Minettmetropole Esch d'Fuesent gefeiert gëtt. D’Knabbermais hirersäits wäerten den 30. Mäerz nach emol duerch d'Réimecher Stroossen zéien, ier se dann definitiv Äddi soen.