Naturpark Our mécht op Liichtverschmotzung opmierksam

© Pixabay
Den 22. Mäerz ass nees "Earth Hour". An deem Kader ginn op ville Plazen op der Welt d'Luuchte vu bekannte Gebaier ausgemaach.
Weltwäit gëtt domat en Zeeche gesat fir de Schutz vun eisem Planéit. Den Naturpark Our wëll awer nach op een anere Problem opmierksam maachen, dee vill ze dacks ënnerschat gëtt: d'Liichtverschmotzung.
Kënschtlech Luucht huet seriö Auswierkungen op de Mënsch an op d'Natur, wat och wëssenschaftlech beluecht ass. Den Asaz vun kënschtlecher Luucht bedeit nämlech eng Gefor fir d'biologesch Vilfalt. Se ass schiedlech fir vill Insekten an Déieren, besonnesch fir nuetsaktiv Aarten, an och fir eis Mënschen ass se ongesond. Liichtverschmotzung ka Schlofstéierunge souwéi Depressiounen ervirruffen, souguer de Kriibsrisiko klëmmt domat.
Eng speziell Kamera
Am Naturpark Our gëtt dru geschafft, d'Liichtverschmotzung z'erfaassen an ze reduzéieren. Ee wichtege Schratt dobäi ass déi sougenannten All-Sky-Kamera, déi den Himmel iwwerwaacht an esou wäertvoll Date liwwert. Mat hirem 360°-Fisheye-Objektiv moosst si Verännerungen an der Hellegkeet an identifizéiert kënschtlech Liichtquellen.
Dës All-Sky-Kamera steet zanter knapp 2 Joer um Waasserbaseng "Um Wäisse Wak" an der Gemeng Pëtschent. Dëse Standuert war bewosst ausgesicht gi wéinst senger gerénger Liichtverschmotzung, sou dass et do optimal Bedéngunge ginn, fir den Himmel z'observéieren. Déi gesammelt Informatiounen hëllefen, geziilt Moossnamen zur Reduktioun vun onnéideger Beliichtung z'entwéckelen. Sou gëtt net nëmmen eng wëssenschaftlech Dokumentatioun erméiglecht, mä och fir d'Thema Liichtverschmotzung sensibiliséiert.
Esou gesinn d'Biller aus, déi vun dëser spezieller Kamera gemaach ginn:

© liichtberodung.lu
Jidderee ka bäidroen
Liichtverschmotzung reduzéieren ass net schwéier:
- Notzt waarmt, gedimmt Luuchten am Bausseberäich
- Schalt Beliichtung just dann un, wa se wierklech gebraucht gëtt
- Benotzt Liichtquellen, déi no ënne geriicht sinn, fir d'Streeë vum Liicht z'evitéieren
E Samschdeg den 22. Mäerz ass "Earth Hour" - de perfekte Moment fir sech (erëm) bewosst ze maachen, dass Däischtert net einfach d'Absence vu Liicht ass, mä och e kulturellen, ästheteschen an ekologesche Gewënn. Eng gutt Geleeënheet, fir e gemeinsaamt Zeechen ze setze fir de Schutz vun der Nuecht a vun eiser Natur.
Weider Informatiounen op: www.liichtberodung.lu