Tëscht Lëtzebuerg a Frankräich
3 Hollänner op Sich no (Grenz-)Steng
Si sinn zu 3, kommen aus Holland an hunn déi nämmlecht Passioun: Grenzsteng ze fannen, se ze fotographéieren a se an engem Buch ze publizéieren.
Dobäi hu se schonn Honnerte vu Steng an e puer Grenzen hannert sech. Elo ware se nees zu Lëtzebuerg ënnerwee, fir d’Grenzsteng tëschent Lëtzebuerg a Frankräich ze fannen.
Wann ee fonnt gëtt, gëtt de Steen fir d'éischt propper gemaach, da gëtt mat Kräid all Ziffer a Buschtaf nogemoolt an dann am Detail fotographéiert.
De lëtzebuergeschen Héichpunkt wäerten déi 3 Hollänner awer eréischt an Honnerte vun anere Steng erreecht hunn, wa se d'Grenz vu Lëtzebuerg an eisen 3 Nopeschlänner ofgaange sinn. Iwwer 1.000 ginn et der an dat op 75 Kilometer Längt.
Am meeschte gelies