De Bruce Willis gëtt 70 Joer al

© Photo by 308 Ent - BondIt Media Capital / Collection ChristopheL via AFP
An der Roll vum John McClane ass de Bruce Willis mat den "Die Hard" Filmer weltberüümt ginn. Den Hollywoodstar ass entretemps schwéier un Demenz erkrankt.
Yippie-Ya-Yeah, Schweinebacke... Grad emol 130 Kilometer vu Lëtzebuerg ewech kënnt de Walter Bruce Willis 1955 zu Idar-Oberstein op d'Welt. De Papp ass amerikaneschen Zaldot, d'Mamm eng Däitsch - einfach Leit. Zwee Joer no senger Gebuert geet et an d'USA. Als Therapie géint säin Tuddele kënnt de Bruce bei den Theatergrupp vu senger Schoul.
Vum Underdog...
Nom Ofschloss schafft de Willis als Sécherheetsmann an enger Atomzentral, hie versicht sech als Privatdetektiv a no sengem Schauspillstudium geet en op New York, wou en sech als Barkeeper eppes dozou verdéngt. Éischt Erfarungen als Acteur sammelt hien am Theater an als Duersteller fir Reklammen.
... zum grousse Star
1985 kënnt déi éischt Haaptroll. An der Tëleesserie Moonlighting (Das Model und der Schnüffler) spillt hie véier Joer laang den Detektiv David Addison. Aus méi wéi 3.000 Kandidate war de Willis fir déi Haaptroll ausgewielt ginn. An du geet et séier: 1987 éischt Haaptroll an engem Film zesumme mam Kim Basinger, d'Joer drop nach eng an engem Westernfilm, an du kënnt d'Roll vu sengem Liewen.
Die Hard
Den Detective John McClane ass déi personifizéiert 1-Mann-Arméi. Die Hard geet duerch de Plafong, grad sou wéi dem Bruce Willis seng Karriär. Den zweete "Stirb Langsam"-Film kënnt séier hannendrun, den Actionfilm The Last Boyscout zementéiert säin Image vum coolen Held, deen ëmmer en ironesche Sproch drop huet.
Net nëmmen Action
Wou de Bruce Willis an de 90er matspillt, ass de Succès bal automatesch garantéiert. Pulp Fiction, 12 Monkeys, Last Man Standing, The Fifth Element, Armageddon, Mercury Puzzle, The Sixth Sense oder Unbreakable zielen zu den erfollegräichste Filmer. Nieft Action a Komedie fillt hien sech awer och ëmmer am Drama doheem.
An der Prime Time
De Willis zielt Ufank den 2000er zu de beschtbezuelten Acteuren, dee niewelaanscht och am Theater, als Produzent an als Museker aktiv ass. Zesumme mam Sylvester Stallone a mam Arnold Schwarzenegger stécht de Willis hannert der Restaurantschaîne Planet Hollywood. An dat Privat gëtt och net verheemlecht - säi Bestietnis mam Demi Moore, d'Gebuert vun hiren dräi Meedercher, an och d'Scheedung ginn duerch d'Gazette vun dëser Welt.
Iwwert den Zenit ewech
Puer weider grouss Filmer mam Bruce Willis? The whole nine Yards, Sin City, Lucky Number Slevin a 16 Blocks gehéieren definitiv dozou. Sengem Action-Image gëtt en awer net lass. The Expandables, R.E.D., G.I. Joe, an och de 5. Deel vun Die Hard si nach ëmmer eng valeur sure fir Hollywood. Mä de Succès fänkt duerno u manner ze ginn. An de leschte Jore vu sengem Wierken ass de Bruce Willis nëmme nach a klenge Produktiounen ze gesinn. Lues awer sécher maache Gerüchter d'Ronn, dass den Acteur gesondheetlech Problemer huet. 2022 deelt seng Famill d'Enn vu senger Karriär mat, e Joer méi spéit kënnt déi offiziell Diagnos Demenz.
Mat der Famill
Zanterhier lieft de Willis zréckgezunn a Begleedung vu senger Famill, déi sech ëm hie këmmert. Och mat senger Exfra Demi Moore huet en e gutt Verhältnis. Gäre géing de Bruce nach eng Kéier an Däitschland kommen - de Kontakt mat der Famill ass iwwer d'Jore ni ofgerass - mä säi gesondheetlechen Zoustand léisst esou Reesen net méi zou.
Dréngenden Appell
Duerch seng Krankheet kann de Bruce Willis entretemps net méi schwätzen. An awer hu mir seng däitsch Synchronstëmm direkt am Ouer. Net just wéinst de Reklamme mam Déierefudder. Net ëmsoss lafe bal all Woch Rediffe vu senge beschten Actionfilmer. Seng Fra Emma Heming Willis huet am Kader vum Bruce sengem 70. Gebuertsdag en Appell lancéiert, datt och Fleegepersonal Fleeg bräicht. Et wier en Ierglawen, dass fleegend Familljememberen ëmmer alles ënner Kontroll hunn.