Richteg spueren an de Portmonni schounen

© fotoblend/Pixabay
Suen am Alldag spueren, ass guer net esou schwéier. Et muss ee sech just richteg uleeën. Hei e puer Tipps, déi och äre Portmonni entlaaschten.
Wie richteg spuere wëll, sollt domat ufänken, sech en Haushaltsbudget z'erstellen. Et geet drëms, Revenu an Ausgaben opzeschreiwen a sech e Bild vu sengen Ausgaben ze verschafen. Hei falen dacks schonn déi éischt Depensen op, déi ee sech eigentlech spuere kann. Brauch ee wierklech Abonnementer bei all de Streamingdéngschter? Muss ee sou dacks an de Restaurant goen? Brauch een zousätzlech Späicherplaz op ICloud a Co.? Déi Froe sollt ee sech stellen.
Besonnesch wichteg ass et, Implus-Keef ze evitéieren. Et soll een zum Beispill ni hongereg akafe goen, well een da riskéiert, méi Dommheeten ze kafen. Maacht Iech eng Lëscht: Wat wëll ech kachen? Wat muss ech kafen? Wien organiséiert akeeft, spuert Suen. Et lount sech och, Iessen ze preparéieren an dëst fir d'Mëttegpaus matzehuelen. Grad wann ee méi Portioune kacht, gëtt dëst heefeg méi bëlleg, wéi de Besuch am Restaurant oder de Fast-Food-DriveIn.
Hei nach weider Plazen, wou een am Alldag spuere kann:
- fäerdeg Platen evitéieren
- saisonal kafen
- elektronesch Geräter (Tëlee, etc.) ausmaachen an net op Standby loossen
- LED-Bieren, amplaz normal Bieren
- Parking evitéieren, ëffentlechen Transport méi notzen
- Kleeder a Miwwel reparéieren, amplaz direkt ersetzen
- grouss Investitiounen 1 Woch iwwerdenken
- Second-Hand kafen
- Maschinne léinen, wann ee se just een oder zweemol brauch
- méi selwer maachen, et muss net ëmmer direkt en Usträicher oder Techniker kommen. Vill Klengegkeete kann ee selwer reparéieren.
- Waasser vum Krunn drénken, amplaz Fläschen ze kafen