NASA-Astronauten zeréck op der Äerd

© KEEGAN BARBER NASAAFP
Néng Méint souze si op der ISS fest, zanter en Dënschdeg den Owend eiser Zäit sinn de Butch Wilmore an d'Suni Williams zeréck op der Äerd.
An enger Dragon-Kapsel vu SpaceX sinn déi zwee Astronaute virun der Küst vum US-Bundesstaat Florida um Waasser gelant. D'Nasa-Astronaute Butch Wilmore a Suni Williams sinn deemno zanter en Dënschdeg den Owend eiser Zäit zeréck op der Äerd. Si waren néng Méint méi laang wéi geplangt op der ISS, nodeems d'NASA hire Réckfluch am Juni opgrond vun technesche Probleemer gestrach hat. Elo si si mat Hëllef vu SpaceX zeréck op der Äerd a sécher am Golf vu Mexiko gelant.
Nodeems si d'Kapsel verlooss hunn, gouf et e kuerze medezineschen Check u Bord vun engem Schëff an duerno goung et fir si per Helikopter an den NASA-Kommandozenter zu Houston.
Mat u Bord vun der Kapsel waren och hiren US-Kolleeg Nick Hague an de russesche Kosmonaut Alexander Gorbunow. Ronn 17 Stonne virdrun hat d'Kapsel vun der ISS ofgedockt.
D'Williams an de Wilmore waren de leschte Juni mat engem Starliner vu Boeing op d'ISS geflunn a sollten eigentlech nëmmen aacht Deeg am Weltall bleiwen. Wéinst engem technesche Problem mam Starliner ass dësen awer ouni si zréck op d'Äerd geflunn. Zanterhier souzen déi Zwee op der Internationaler Raumstatioun fest an hunn op eng Méiglechkeet fir e Retour op d'Äerd gewaart. E Sonndeg war hir Ofléisung op der ISS ukomm.
Mat hirem gezwongenen Openthalt op der ISS sinn d'Wilmore an de Williams awer nach wäit vum Rekord vun hirem Landsmann Frank Rubio ewech: Hie war bis September 2023 amplaz vu geplangte sechs Méint am Ganzen 371 Deeg op der Raumstatioun. Grond dofir war eng Fuite am Killsystem vun der russescher Raumkapsel, mat där hien op d'Äerd hätt sollen zréckfléien.