Dës Woch war et déi iwwerraschend Annonce, dass den Elton de beléiften TV-Quiz verloosse wäert. D'Emissioun wäert awer weidergefouert ginn.

All Dag kucke méi wéi 3 Millioune Leit sech un, wéi de Bernhard Hoëcker an den Elton zesumme mat enger prominenter Persoun un hirer Säit déi komeschste Froe beäntwerte sollen. "Wer weiß denn sowas?" ass zanter 10 Joer e Garant fir gutt Ënnerhalung a fir gutt Quoten. D'Fans musse sech awer op Ännerunge gefaasst maachen.

Dës Woch huet den Elton säi Récktrëtt annoncéiert. Nieft senge sëllegen aneren Engagementer wëll hien an Zukunft allgemeng e bësse méi kuerz trieden a méi Zäit fir Famill, Frënn a sech selwer hunn. Trotzdeem soll d'Emissioun awer an hirer bekannter Form weidergefouert ginn. De Kai Pflaume moderéiert, déi eng Säit sëtzt de Bernhard Hoëcker, mä déi aner Säit...? Dat wëll d'ARD "mat Zäite" bekannt ginn. De Numm vum Elton sengem Successeur ass nach geheim.

Déi aktuell Staffel leeft nach bis den 22. Abrëll. Déi allerlescht Folleg mam Elton wäert dann eng grouss Spezialsendung sinn um Samschdegowend 26. Abrëll. Spéitstens do wäert dann och säin Nofollger presentéiert ginn. Vun de ronn 1.300 Emissiounen zanter 2015 konnt den Elton der 545 gewanne mat senge jeeweilegen Teamkolleegen. Dem ARD no ass hien elo den "Éierekapitän" vun "Wer weiß denn sowas?".

Hei geet et op déi offiziell Internetsäit vun der Emissioun.