De Wee vum Eric Heimermann mat enger rarer Krankheet
Mat bal 9 Joer stoung fest: den Eric huet eng rar Krankheet. "Mosaïk Triploidie" genannt. 20 esou Fäll sinn dokumentéiert.
Och wa villes net einfach ass, wëll den Eric Heimermann liewen an huet Freed un der Fotografie.
Den Eric Heimermann ass 35 Joer al. Bis op dem Mann säin Iwwergewiicht a seng kleng Hänn a Féiss ass d'Krankheet "Mosaïk Triploidie" äusserlech net z’erkennen. "Bis 3 Joer war den Eric ënnergewiichteg", sou seng Mamm, d’Betty Heimermann am Interview. "Den Eric hat kee Suckelreflex. Dofir war iesse fir hien och schwiereg. Seng Biberonen haten uewen um Stopp e grousst Lach, soss hätt den Eric d’Mëllech net gedronk kritt. Geschléckt huet hien nëmmen, wann ech hie mat de Baken a mam Kifer stimuléiert hunn", sou dem Eric seng Mamm weider.
Mat bal 9 Joer koum d'Diagnos vum Eric senger rarer Krankheet. Ugangs gouf op de "Prader-Willi-Syndrom" getippt. "Den Eric hat all déi Symptomer, déi bei dëser Krankheet opgelëscht waren, mee just net déi geeschteg Behënnerung".
"Du muss dat mat dengem Kand üben"
Bis zur Diagnos vum Eric senger Krankheet waren d’Jore bis dohinner alles anescht ewéi einfach oder flott. "Du muss den Eric dat maache loossen". Dat war dacks d’Reaktioun vun de Leit, wann et drëms goung, firwat de Jong dëst oder dat a sengem Alter nach net konnt. "E bemol huet et du geheescht, hie kann dat jo wierklech net. Dobäi waren et mäi Mann an ech déi éischt, déi dat hu missen erausfannen. An no an no d’Famill. An dat war net einfach, well een net wosst, wat mam Eric lass wär", sou d’Betty wärend eisem Gespréich.
"Mir hunn den Eric och mat anere Kanner a sengem Alter verglach. Seng Schwëster, d’Liz, ass zwee Joer nom Eric op d’Welt komm. Duerch hatt huet den Eric villes geleiert. Hien huet versicht, senger Schwëster alles nozemaachen (...) Wéi hatt bis ugefaangen huet, d’Trapen eropzekrauchen, huet den Eric dat och gemaach. Wéi hatt sech bis ugefaangen huet, un engem Stull eropzezéien, huet säi Brudder dat och gemaach". Deen Ament hat den Eric 3-4 Joer.
Hefteg a laang war d'Pubertéit vum Eric. 1989 ass den Eric gebuer. Am Joer 1998 dunn d'Diagnos vun der "Mosaïk Triploidie". Lues a lues konnt dunn den Entourage vum Eric Versteesdemech fir d’Famill opbréngen.
"D’Schoul war eng ganz ganz schlëmm Zäit"
Diagnos vum Schoulpersonal war, "de Probleem vum Eric ass seng Mamm". "Hien däerf alles, hie gëtt bei allem ënnerstëtzt. An déi Reprochë waren nach vill méi schlëmm", sou d’Betty Heimermann. "Du gees dohinner a frees Hëllef, awer du gëss dohinner gestallt, wéi wann s de wéilts een ugräifen. Du stees bemol mudderséileneleng do an du weess net méi, wat s de solls maachen".
D’Fein- an d’Grobmotorik hu beim Eric net esou funktionéiert ewéi bei anere Kanner a sengem Alter. Picken a schneide war an der Spillschoul onméiglech. "Erklär engem Kand. firwat hie vernannt gëtt, obwuel hie säi Bescht mécht". Vill Frustratioun huet sech deen Ament opgebaut.
Mat der Zäit gouf dunn och Epilepsie beim Eric festgestallt. D’Form mam Numm "le petit mal".
"Dass d’Schwëster vun deem dommen Eric"
Sou huet et reegelméisseg an der Schoul geheescht, wann d’Liz, dem Eric seng Schwëster, koum. Zu Réiden waren d’Kanner an der Schoul. "Dës Ausso vu Leit war fir mech dat allerschlëmmst", sou d’Betty, d’Mamm vu béide Kanner. "Leit, déi dës Ausso gemaach hunn, géif ech als domm bezeechnen", sou d’Reaktioun vun der Mamm wärend eisem Gespréich.
Mëttlerweil ass d’Liz vu Beruff Educatrice a schafft mat Kanner, déi eng Behënnerung hunn. Déi lescht Jore schafft déi jonk Mamm mat Autisten zesummen.
Am November ginn et elo 3 Joer, dass den Eric zu Heeschdref am "Tricentenaire" lieft. Hien huet den Handicapéierte-Statut a schafft all Dag 4 Stonnen um Schoulministère. Seng grouss Passioun ass d’Fotografie.
Weekends kënnt den Eric reegelméisseg heem bei d’Famill op Nidderpallen. Hei waart dann de Simba op hien. Dat ass den Hond vun 2,5 Joer. Déi zwee versti sech gutt mateneen.