Op de Soziale Medien hunn eng Rei Videoen d'Ronn gemaach, op deenen ze gesinn ass, wéi d'Sécherheetspersonal dem Mann d'Trapen erop noleeft.

Een däitschen Tourist gouf a Mexiko festgeholl, nodeems hien d'Trape vun der helleger Maya-Pyramid vun Chichen Itza eropgelaf ass. Op Videoen, déi an de Sozialen Netzwierker zirkuléieren, ass ze gesinn, wéi den 38 Joer ale Mann d'Verbuet vum Eropklammen ignoréiert an zesumme mat zwou anere Persounen eropleeft. Uewe soll hien da Fänkches mam Sécherheetspersonal gespillt hunn.

Den Tëschefall huet sech bei engem Fest zougedroen, bei deem ronn 9.000 Visiteuren op der Plaz waren an hiren Onmutt vun ënne gewisen hunn. Wéi de Mann gefaange gouf, huet d'Police verhënnert, dass d'Leit vu lauter Roserei op den Täter lassgaange sinn. D'Beamten hunn den däitschen Tourist doropshi festgeholl.