Partiell Sonnendäischtert iwwer Lëtzebuerg
Dobäi huet de Mound bis zu 22 Prozent vun der Sonn verdeckt, déi dunn ausgesinn huet, wéi wann een an e Kichelche gebass hätt.
Seelenen Naturphenomen dëse Samschdeg: et gouf eng partiell Sonnendäischtert. Dobäi stoung d'Äerd am Hallefschiet vum Mound. D'Däischtert huet um amerikanesche Kontinent ugefaangen, a vun do aus ass den Hallefschiet a Richtung Nordoste gewandert, sou dass de ganzen Nordwestdeel vun Europa eng méi däischter Sonn ze gesi krut. De Maximum gouf am Nordoste vu Kanada erreecht, wou 93 Prozent vun der Sonn bedeckt goufen.
Meteolux war am Virfeld dovunner ausgaangen, datt d'Sonn bei eis zu Lëtzebuerg zu ca. 20 Prozent vum Mound verdeckt wäert ginn. De Maximum gouf sech fir 12.07 Auer erwaart. Lassgaangen ass et scho ronn 45 Minutte méi fréi, a ronn 45 Minutten duerno war de Spektakel erduerch.
Hutt Dir Fotoe vun der Sonnendäischtert gemaach? Schéckt eis se op foto@rtl.lu.
Op anere Plazen an Europa hate se dogéint méi Chance. Am Weste vun Island, oder um spuenesche Festland ass zur totaler Däischtert komm.

Eng Foto vun e Samschdeg vun Nantes a Frankräich / © LOIC VENANCE AFP
Déi nächst partiell Sonnendäischtert erwaart eis den 12. August 2026, an do wäert d'Sonn dann e gudde Krack méi wäit an de Schiet vum Mound geroden. A warscheinlech wäert dann och bessert Wieder sinn.
Opgepasst op Är Aen
Et ass wichteg, ni mat bloussem A direkt an d’Sonn ze kucken, och net bei enger partieller Sonnendäischtert. D'Liicht bleift staark genuch a Sekonne ginn duer, fir d'Netzhaut ze schiedegen. Dofir net mat enger Spektiv oder mat engem Teleskop an d'Sonn kucken, mä héchstens mat engem spezielle Brëll, deen et beim Optiker ze kafe gëtt.