Well et ëmmer rëm zu schwéieren Accidenter kënnt, ginn d'Nuetsfuerpläng vun den Zich op Sri Lanka ugepasst.

Bei Tëschefäll mat wëllen Elefante sinn op Sri Lanka an de leschten 10 Joer bal 1.200 Mënsche gestuerwen. Laut Ëmweltministère wiere bei dësen Zesummestéiss och bal 3.500 Déieren ëmkomm. Zu där Zuel droe reegelméisseg Accidenter mat Zich bäi. Dowéinst ginn elo bei der nationaler Zuchgesellschaft Moossnamen ergraff.

Virop ginn d'Fuerpläng ugepasst, sou dass nuets net méi sou vill Zich solle fueren. Besonnesch am Norden an am Oste vu Sri Lanka féieren d'Trassen dacks duerch den dichte Bësch, an deem sech d'Elefante gären ophalen. D'Beem wäerten do méi wäit zréckgeschnidde ginn, fir dass d'Maschiniste méi fréi en Trap Déieren erkenne kënnen. Donieft sollen Zich mat bessere Bremsen agesat ginn, an och iwwer Beliichtungen a Beweegungsmeldere gëtt nogeduecht, heescht et aus dem Ëmweltministère.

Eréischt viru kuerzem ware bei engem Zuchaccident 7 Elefanten ëm d'Liewe komm, déi op Sri Lanka als helleg gëllen. Doropshi ware vum Staat dausenden Employéen a Fräiwëlleger opgeruff, fir déi wëll Déieren am Land ze zielen, déi d'Agrikultur stéieren oder eng gréisser Gefor fir d'Allgemengheet duerstellen.