Mir kennen de Prinzip zanter Joerzéngten. Am Oktober gëtt d'Auer eng Stonn no hanne gedréint an am Mäerz geet et nees no vir.

Et ass Enn Mäerz an dat heescht: d’Auer ass rëm geréckelt ginn. D’Nuecht vun e Samschdeg op e Sonndeg war eng Stonn méi kuerz, well de Wecker vun 2 Auer op 3 Auer no vir geréckelt ginn ass. Ma och wann et just eng Stonn ass, mierken ëmmer méi Leit dëse Mini-Jetlag. Wat fir Problemer optrieden a wat een dogéint maache kann, dat hu mir fir Iech nogesicht.

Zäitemstellung Tipps / Reportage Céline Spithoven

Déi meeschte Leit, déi dëse Mini-Jetlag spieren, beschwéiere sech iwwer Schlofproblemer a Middegkeet. Dat huet souguer eng Etüd vun enger däitscher Krankekeess aus dem Joer 2021 confirméiert. Frae si méi heefeg betraff wéi Männer an och Kanner a Seniore spieren d'Zäitëmstellung méi wéi jonk Erwuessener.

Wat kann een da maachen, fir dëse Wiessel lo besser ze iwwerstoen?

Experte roden, sech iwwert e puer Deeg un den neie Schlofrhythmus ze gewinnen. Et hätt een also schonn e puer Deeg méi fréi mat der Ëmstellung ufänken an de Wecker all Dag zéng Minutte méi fréi setze sollen. Sou géif een déi verluere Stonn net esou staark spieren.

A wat kann een um Sonndeg selwer maachen, fir e Méinde besser op der Aarbecht kënnen unzerappen?

Ma wie sonndes gären eng Mëttesrascht mécht, dee soll déi dës Kéier ausfale loossen, sou ass een owes méi midd, fir eng Stonn éischter kënne schlofen ze goen. Donieft roden d'Dokteren, sech daagsiwwer méi ze beweegen an d'frësch Loft ze goen a sech moies vun der Sonn erwächen ze loossen. Dat géif d'Ëmstellung méi einfach maachen.