Enn Juni soll den Amazon-Chef sech erëm bestueden. Dofir ginn zu Venedeg déi entspriechend Preparative getraff. Et wäert sech loune fir d'Stad.

Entretemps ass gewosst, dass den US-amerikanesche Milliardär Jeff Bezos seng Verloobte Lauren Sánchez zu Venedeg bestuede wäert. Aus dem Nordoste vun Italien gëtt gemellt, den Amazon-Chef hätt fir seng Gäscht sämtlech Waassertaxie vu Venedeg reservéiert. Donieft goufe 5 Luxushotelle komplett op säin Numm gebucht.

Wou genee d'Hochzäit wäert sinn, ass aus Sécherheetsgrënn nach net genannt ginn. Dräi verschidde Locations géifen dofir a Fro kommen. Et gëtt mat ronn 250 Gäscht gerechent. Och do feelen nach konkret Detailer, mä et ass dovun auszegoen, dass den internationalen Jetset um Rendezvous wäert sinn. Et zirkuléieren Nimm wéi Barbara Streisand, Kim Kardashian, Katy Perry a Leonardo di Caprio.

D'Feierlechkeeten zu Venedeg wäerte sech vum 24. bis de 26. Juni iwwer 3 Deeg zéien a ginn organiséiert vun der Londoner Entreprise Lanza & Baucina, déi schonn 2011 en änlech grousst Fest zu Venedeg fir d'Duechter vun engem indesche Geschäftsmann geplangt haten.

Obwuel d'Stad d'office ëmmer iwwerlaf ass mat Touristen, freed sech de Buergermeeschter vu Venedeg Luigi Brugnaro awer iwwer d'Annonce, dass d'Bezos-Hochzäit bei hinne gefeiert wäert ginn. Trotz de Contrainten, déi sou en Event mat sech bréngt, wier aus wirtschaftlecher Siicht sécher mat Ëmsätz an Erträg a Milliounenhéicht ze rechnen. Venedeg wäert doduerch als Uert wouergeholl ginn, deen aluet, fir sech do ze treffen an do ze bleiwen.